Op der B7 Richtung FridhaffMotocyclist bei Chute schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt an hirem Bulletin ee schwéier blesséierte Motocyclist e Samschdeg op der B7 Richtung Fridhaff.
© Laurent Weber

Deemno wier der Police géint 17:30 Auer e Motocyclist op der B7 Richtung Fridhaff gemellt ginn, dee gefall wier. Éischten Erkenntnisser no koum de Motorradsfuerer an enger Kéier vun der Fuerbunn of an ass op d'Säitespuer geroden, wouropshin en d'Kontroll iwwer säi Moto verluer huet a gefall ass.

De Motocyclist gouf beim Accident uerg blesséiert a koum no enger Éischtversuergung op der Plaz an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO