Am LokalenMotocyclist gefall a blesséiert an Accident tëscht Moto an Auto

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et op eise Stroossen zu zwee Virfäll, allkéiers war e Motocyclist dra verwéckelt.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Géint 12.20 Auer ass e Motocyclist op der N12 tëscht Tënten a Sëll gefall a gouf verwonnt an um 16.15 Auer krute sech um CR348 tëscht Buerschent a Bierden en Auto an e Moto ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten.

An der Stad huet dann nach géint 14.20 Auer gebrannt. Hei hat Offall Feier gefaangen, kengem ass eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO