JongbauerendagNach ëmmer vill Kritik um Agrargesetz

Annick Goerens
Landwirtschaft, Energie an Ëmwelt - Chancen a Géigesätz – dat war den Titel vun enger Table ronde e Sonndeg den Owend um Jongbauerendag.

Dës war an der Akerbauschoul zu Gilsdref. Ronn 150 Leit hunn op der Plaz d’Diskussioune suivéiert. Eng gutt Stonn laang gouf debattéiert iwwer d’Zukunft vum Biogas zu Lëtzebuerg, d’Agro-Photovoltaik, awer virop iwwer déi ëmstridde Reform vum Agrargesetz, déi bei de Baueren op net ganz vill Géigeléift stéisst. Et gi vill Punkten, un deenen ee sech géing stéieren. Virop, dass ee beim Ausschaffe vum Gesetz net mat agebonne gouf. Donieft awer och, dass de Beruff vum Bauer verwässert gëtt, erkläert de Luc Emering, de President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.

De Luc Emering

Et kann net sinn, dass mer verschidde Leit eng Ausbildung virschreiwen, respektiv maache loossen, bis hin zu engem Master, engem héichwäertegen Unisdiplom. An aner Leit komme mat null landwirtschaftlechem Wëssen, si hu guer kee fachlecht Wëssen, kee Background a kommen an de Secteur eran a sinn direkt Bauer. Si kréien déi nämmlecht ëffentlech Gelder an dat ass net fair. Dat geet och a kengem anere Beruff. Dat geet just beim Bauer an dat kënne mer natierlech net akzeptéieren.

D’Aktioun “Roude Stiwwel”, wou iwwerall uechter d’Land gréng Kräizer mat engem roude Stiwwel drop ze gesi waren, gouf och e Sonndeg den Owend thematiséiert. Do hunn déi jonk Bauere kritiséiert, dass een zwar géing an de Ministère geruff ginn, fir ze diskutéieren a schéi Fotoen ze maachen, ma dass am Endeffekt hir Proposen ni géinge Gehéier fannen.

De Claude Haagen

Jo e Manktem un Dialog gëtt mer elo reprochéiert. Ech soen all Kéier, fir mech ass kee Manktem un Dialog do. Wann dat virun 2-3 Joer vläicht de Fall war, ouni dass ech iergendengem do wëll ze no trieden, dat weess ech net. Op jidder Fall um Ministère ginn d’Rendez-vouse fixéiert, wann een een ufreet. A mir schwätzen iwwer déi Saachen hei, mat de Jongbaueren och. Mir waarden elo op een Avis vun der Landwirtschaftskummer. An sou wei déi Presentatioun hei war, dierfte jo och do Saache mat afléissen, déi Sënn ginn, well se vum Beruff selwer kommen.”, esou de Landwirtschaftsminister Claude Haagen.

D’Hallschent vun eiser Landfläch ass an der Hand vun de Baueren a gëtt vun hinne gestalt. Do kéint d’Agrarreform och méi wäit goen. Et wier eng Gestaltungsfro, gëtt de Mike Wagner, 1er Conseiller aus dem Ëmweltministère ze bedenken.

De Mike Wagner

E Bauer, deen am Aklang mat der Ekologie schafft, deen dat respektéiert, deen net ze vill intensiv schafft, dee suergt, dass d’Flächen do bleiwe fir déi natierlech Vegetatioun, fir d’Fauna, dee bréngt eng Leeschtung fir d’Gesellschaft. An déi gëtt am Moment net richteg bezuelt. E kritt zwar Entschiedegungen, wann hie bestëmmt Saachen net mécht, mee hie kritt awer net de Service, déi positiv Leeschtung, déi hie bréngt fir d’Gesellschaft, déi kritt hien net esou remuneréiert, wéi een dat eigentlech misst kënnen, fir dass visibel ass, dass eis Landschaft do ass wéinst de Baueren.

Et dierf net ze vill komplizéiert ginn, fir dass d’Baueren och gesinn, wéi si am Aklang mat der Natur kënne schaffen a gläichzäiteg betribswirtschaftlech schwaarz Zuele schreiwen, esou nach de Mike Wagner.

Back to Top
CIM LOGO