
Dës Broschür soll zum Nodenken ureegen, an dat net nëmme bei den eelere Leit, sou den Alain Brever, Direkter vum GERO, dem Kompetenzzenter fir den Alter.
"D'Broschür gouf am Fong sou entwéckelt, dass se fir e verschiddene Publikum ka gutt sinn, dat heescht enger Säit fir déi Professionell, déi mat eelere Leit schaffen, fir Familljen, déi Kontakt hu mat eelere Leit, awer och fir déi eeler Leit selwer. Enger Säit fir sech selwer d'Fro ze stellen, wéi vill Alkohol een drénkt, dono awer och ze verstoen, wat den Afloss vum Alkohol op säi Liewen och am Alter ass an dann zum Schluss awer och ganz wichteg d'Orientéierung, fir dee richtege Service ze fannen, wann ee professionell Hëllef brauch."
Grad fir eeler Leit, déi reegelméisseg Medikamenter huele mussen, ass de Konsum vun Alkohol kritesch, sou den Alain Brever weider.
"De Metabolismus, deen ännert sech och mam Alter an et ass esou, dass eise Kierper net méi esou gutt verdaut. E brauch méi laang, fir den Alkohol ofzebauen. En plus, do interesséiere mir eis beim GERO immens dofir, ass et esou, dass en dann eng aner Roll huet an der Fonctioun zesumme mat de Medikamenter. Dat heescht, oft ass et do esou, dass een dono villäicht och Schwindel huet, dass een net méi sou gutt op de Been ass, Gläichgewiichtsstéierungen huet, an dat ass ee grousse Problem am Alter."
D'Zil ass et, déi eeler Leit ze encouragéieren, fir eppes ze änneren, well et ni ze spéit ass, sengem Kierper eppes Guddes ze doen. Och am Alter kann d'Reduzéiere vun Alkohol d'Gesondheet, d'Autonomie an d'Liewensqualitéit däitlech verbesseren.
D'Broschüre gi bei de Servicer, déi un där Campagne deelhuelen, ausgedeelt. Et fënnt ee se awer och online op de Websäiten oder am Newsletter.