Wann d’Eltere schaffen, da kënnen hir Kanner an ënnerschiddleche Strukturen ënnerkommen, ofhängeg vum Alter vum Kand a wat d’Elteren eraussichen: Crèche, Mini-Crèche, Maison Relais oder Dageselteren, e sougenannten Assistant parental. Dës gëllen als Independant a stinn ënnert dem Educatiounsministère. Vun dësem gouf de Projet de Loi Nr. 8686 lancéiert, dee vu Januar un e puer Ännerunge soll aféieren.
De Chèque-Service Accueil (CSA) iwwerhëlt 5,40€ pro Kand a pro Stonn. Aktuell kënnen d'Dageselteren e méi héijen Tarif ufroen, bei deem dann d'Differenz vun den Eltere bezuelt gëtt.
D'Susanna Maria Ferreira Martins schafft zanter dem 1. Mee 2025 als Dagesmamm an huet hiren Tarif op 7,40€ gesat. Dat, well nëmmen d'Stonne mat de Kanner kënne verrechent ginn an net d'Zäit virdrun an dono, wärend där preparéiert an organiséiert gëtt, zum Beispill fir de Kanner ze kachen.
An hirem Präis sinn och weider Depensë mat agerechent, wann d'Kanner zum Beispill dobaussen eng Glace wëllen iessen, well dat géingen d'Dageselteren aus der eegener Täsch bezuelen — Suen, déi si also net zréckkréien.
Sollt d'Reform vum Educatiounsministère effektiv esou den 1. Januar 2027 ëmgesat ginn, da wäerten d'Tariffer changéieren: Aktuell iwwerhëlt den CSA 5,40€ pro Kand a pro Stonn, ma d'Reform gesäit vir, datt de Loun de Qualifikatioune vum Assistant Parental ugepasst soll ginn, dat op dräi Niveauen. Fir verschidden Dageseltere kéint dëst heeschen, datt hiren Tarif wäert klammen, fir anerer kéint et de Contraire bedeiten.
Nei bei dësen Tariffer soll sinn, datt se indexéiert ginn, an och, datt eng Kompensatioun bäikënnt, fir de Recettë vun den Dageselteren eng Stabilitéit ze ginn.
D'Susanna Maria Ferreira Martins zu den neien Tariffer: "Et ass ok fir d’Elteren. Ech si selwer Mamm, ech verstinn,dat, dass d’Eltere manner bezuelen. Dat ass ganz ok. Mee et muss een och op eiser Säit kucken, ob dat ok fir eis ass a wat mir aus eiser Posch erausginn."
Virdrun huet d’Susanna Maria Ferreira Martins an enger Crèche geschafft an huet fonnt, datt si do net genuch Zäit fir d’Kanner hat, an datt d’Gruppen ze grouss waren. Fir si wier de Beruff vun der Dagesmamm eng gutt Alternativ. Si wëllt d'Akraafttriede vun der Reform emol ofwaarden, awer mécht dëst mat Virsiicht: "Ech wëll meng Aarbecht weider maachen, ech wëll net ophalen. Ech muss kucken, wann ech vun deem, wat ech verdéngen, d’Hallschent muss ofginn, dat kompenséiert net."
Eng weider envisagéiert Ännerung bei der Reform ass e méi héijen Tarif fir d’Haaptmoolzecht, dee vu 4,50€ op 7€ soll eropgesat ginn.
Dageseltere gëllen als Independant. Ee Punkt, deen d'Susanna Maria Ferreira Martins kritiséiert, ass deen, datt d'Konditiounen ëmmer méi deene vun de Crèchen änelen an d'Dageselteren — am Kontrast zum Educateur — awer keng Vakanzen zegutt hunn. "Wat ech denke fir mech, mäin eegene Point ass: Wa mir an d'Vakanz fueren, da gi mir jo net bezuelt. A wa mir net bezuelt ginn, da sinn déi Sue manner am Mount. Mee mir mussen awer d'Sécurité Sociale de ganze Mount bezuelen. An déi Sue mussen do sinn. An ech fannen et net korrekt, wa mir net verdéngen, da misste mir och net bezuelen."
Och d'Maria Helena Dos Santos Fonseca, déi schonn zanter 2011 als Dagesmamm schafft, schwätzt d'Vakanzen un an datt dës eng grouss Suerg vu villen Dageseltere wieren: "Le ministère pouvait quand même faire quelque chose pour changer, c’est plutôt les vacances : si on part en vacances, on n’a pas de salaire. C'est facile à dire qu’on peut mettre de l’argent de côté, mais il faut aussi dire qu’on est indépendant."
Bei den Dageseltere sollen dann och 20 Stonne pro Kand gratis sinn, wéi dat och schonn an de Crèchen de Fall ass, dat am Kader vum Programm "d'éveil linguistique", deen zur Sproochentwécklung vum Kand soll bäidroen, verbonne mat Formatioune vum Assistant parental. Wéi elo scho virgesinn, sollen d'Dageseltere mat der Reform weiderhin en Niveau B2 an enger vun eisen Amtssproochen hunn.
D'Maria Helena Dos Santos Fonseca gesäit d'Ännerunge ganz positiv: "Je trouve que le ministère est en train de faire quelque chose de très bien pour nous aider, ils sont en train de donner une vraie valeur qu’on mérite à la fin, et je trouve que ce qu’ils sont en train de faire va beaucoup nous aider." Virun allem op administrativem Niveau wier d'Aarbecht iwwert d'Jore méi komplizéiert ginn, wat si och positiv gesäit. Duerch de "Rapport d'activités", an deem alles detailléiert muss néiergeschriwwe ginn, géif si mierken, wou si sech nach kéint verbesseren. Am grousse Ganze fënnt si, datt de Beruff sech iwwert d'Jore vill verbessert hätt.
An de leschte Jore si méi Agrementen ewech gefall, ewéi der bäikomm sinn. Enger Statistik vum Educatiounsministère no sinn eleng zejoert 29 Agrementen annuléiert ginn an nëmmen dräi sinn der bäikomm. An de leschte 5 Joer sinn 185 Agrementen annuléiert ginn an nëmme 35 Agremente goufen ausgestallt. Aktuell ginn et knapp iwwert 300 Dageselteren zu Lëtzebuerg. Vum Ministère heescht et awer, de Beruff wier e wichtege Bestanddeel vun der nonformeller Bildung a sollt weider promouvéiert ginn a si wéilte weider Leit unzéien.