RegierungsrotNeien Héichwaasser-Risiko-Management-Plang gouf ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Nieft Flosshéichwaasser gëtt et zu Lëtzebuerg och Staarkreenhéichwaasser.
Neien Héichwaasser-Risiko-Management-Plang gouf ugeholl
Nieft Flosshéichwaasser gëtt et zu Lëtzebuerg och Staarkreenhéichwaasser.

D'Waasserverwaltung analyséiert méiglech Zenarien, fir Geforen am Viraus ze erkennen. Esou solle Riske besser virausgesinn an domat potenzielle Schued agegrenzt ginn.

En Donneschdeg huet de Regierungsrot een neien Héichwaasser-Risiko-Management-Plang, mat aktualiséierte Kaarten a Simulatiounen ugeholl.

Héichwaasser-Risiko-Management-Plang/Reportage Nadine Kremer

Besonnesch Plazen, wou Flëss anenee fléissen, si vun Héichwaasser betraff. Dësen Zenario kënnt éischter am Wanter vir, zum Beispill wann de Schnéi schmëlzt an de Peegel klëmmt.

Nieft der EU-Richtlinn fir Flosshéichwaasser huet Lëtzebuerg och e Plang fir Staarkreenhéichwaasser integréiert. Duerch de Klimawandel géif dat hei am Land ëmmer méi heefeg antrieden, besonnesch am Fréijoer an am Summer.

Fir d'Flosshéichwaasser gëtt et ee Fréiwarnsystem, deen d'Bierger bis zu 24 Stonnen am Viraus alertéiert. Beim Staarkreenhéichwaasser geet dat net, well et manner previsibel ass, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

"Et ass meeschtens esou kleng Gewässer, déi innerhalb vu ganz kuerzer Zäit ganz schnell ganz héich ginn. An heiansdo ass do souguer kee Gewässer. Et ass eppes ganz Punktuelles. Ganz intensiv. An do ass et esou, dass wierklech vun elo op direkt ganz vill Reen erofkënnt."

D'Waasserverwaltung mécht Analysen a Simulatiounen, fir Geforen a Gebidder à risque ze erkennen. Doropshi ginn da Moossnamen entwéckelt an ëmgesat. Am neien Héichwaasser-Risiko-Management-Plang goufen iwwer 240 Mesurë festgehalen, esou de Claude Schortgen vun der Waasserverwaltung.

"D'Aspekter vum Schutz, vun der Vermeidung, vun der Vorsorge, vun der Wiederherstellung a vun der Iwwerpréiwung. Also dat Ganzt ass ëmmer als Zyklus ze verstoen. Am Endeffekt sinn d'Haaptziler fir den Héichwaasser-Management zu Lëtzebuerg als éischt d'Vermeide vun neie Risiken an als zweet d'Reduktioun vu bestoende Risiken."

Donieft wëll een aus der Erfarung léieren. D'Ëmweltministesch betount, datt Preventioun méi bëlleg wier wéi d'Reparatur vu Schued. Dofir wéilt een d'Leit méi iwwer de Sujet Héichwaasser hei am Land sensibiliséieren.

D'Carole Dieschbourg

"Bis ewell spréngt jo oft de Staat am Nachhinein an, fir d'Leit ze ënnerstëtzen. Et gëtt awer op Dauer vill méi gënschteg, a wann mer wëssen, datt dat do jo net manner gëtt, gëtt et méi gënschteg, wa mir am Virfeld aneschters plangen. Wa mer do, wou mer wëssen, datt mir Problemer kréie mat Waasser, dat iwwer d'Ufer geet oder mat staarkem Reen. Wa mer do genuch Plaz dem Waasser loossen, wa mer Renaturéierunge maachen – déi si jo och méi gënschteg – an eben éischter mat agräifen, fir präventiv Mesuren ze maachen.", esou nach d'Carole Dieschbourg.
De neien Héichwaasser-Risiko-Management-Plang gesäit och vir, datt Privatpersounen an Organisatiounen e sougenannten "Objektschutz" ufroe kënnen. Wëll heeschen: wa se beweise kënnen, datt si an engem Risikogebitt liewen, da kënne si bis zu 75% vun de Käschten zeréckkréie vun Aarbechten, déi virum Héichwaasser schützen.

Back to Top
CIM LOGO