Zanter dem Ufank vum WeekendNo Accident hunn eng ganz Rei Leit zu Bieles keen Internet oder Telefon

Sarah Cames
No engem Accident an der Nuecht op e Samschdeg hunn eng ganz Rei Stéit zu Bieles bis elo keen Internet oder Telefon.
De futtise Verdeeler.
De futtise Verdeeler e Sonndeg an der Mëttegstonn. Eng Reparatur-Ekipp war deen Ament net op der Plaz.
© Pierre Weimerskirch

An der Nuecht op e Samschdeg war et zu Bieles zu engem Autosaccident komm, bei deem ee Gefier an ee Verdeeler vun der Post gerannt ass an dee beschiedegt huet. An der Suite hunn elo eng ganz Rei Leit keen Accès op hiren Internet oder Telefon.

D’Post confirméiert eis de Virfall op Nofro, konnt eis awer net soen, wéi vill Leit oder Stéit genee betraff sinn. Och wéini déi futtis Verbindungskëscht nees gefléckt kéint sinn, ass nach oppen. Et géif een hoffen, de Probleem nach am Laf vum Sonndeg kënnen ze behiewen, ma et kéint ee keng Garantië ginn.

Ee Lieser hat sech bei RTL gemellt an op de Probleem higewisen. Vun der Post wier näischt matgedeelt ginn an et wier een ëmmer nees vertréischt ginn: “Wéi ech mech géint 9 Auer op der Post informéiert hunn, krut ech matgedeelt, si géingen dru schaffen. Well géint 17 Auer nach ëmmer näischt funktionéiert huet, hunn ech dann nach eng Kéier nogefrot a krut du gesot, dass si géingen e Méinden d’Reparatur maachen, dat awer bis en Dënschden dauere géing. Also véier Deeg keng Verbindungen.”

De Lieser huet an deem Kader och d’Fro opgeworf, firwat d’Leit net iwwer d’Pann informéiert goufen. Grad eeler Leit ouni Handy kéinten duerch esou eng Pann a geféierlech Situatioune kommen. Op Nofro sot eis d’Post heizou, et géif een üblecherweis just bei “Incidents critiques”, also Virfäll vu méi nationaler Envergure kommunikéieren. Hei wier awer just Bieles selwer betraff.

Back to Top
CIM LOGO