Méigleche Verkaf vu Luxair-PartenOGBL weist sech entsat an "entrüst" iwwer BIL

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL seet sech erstaunt an "entrüst", datt d'BIL driwwer nodenkt, hir Parte bei der Luxair ze verkafen.
© RTL-Archivbild

Reaktioun OGBL Luxair-Parten / Reportage Dany Rasqué

D’Gewerkschaft an d’Personalvertrieder wieren heiriwwer net informéiert. Den Zäitpunkt fir sou Iwwerleeunge wier och schlecht. D’Aviatioun wier an enger déiwer Kris.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond erënnert och un de Luxair-Plang, deen an enger sektorieller Tripartite ausgeschafft gi war an deen nach bis Enn 2023 leeft.

Wann d’BIL wierklech verkeeft, da misst de Staat déi 13,4% Parten iwwerhuelen, verlaangt den OGBL.

PDF: Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO