Tripartite-Verhandlungen en EchecOGBL zitt sech zeréck, d'Regierung wëll elo Verantwortung iwwerhuelen

Diana Hoffmann
Den OGBL huet de Verhandlungsdësch vun der Tripartite verlooss. LCGB an CGFP ginn awer gréng Luucht fir Propositioune vun der Regierung.
Echec vun Tripartite
Wärend den OGBL an der Nuecht op en Donneschdeg d’Dier geklaakt huet bei den Tripartite-Negociatiounen, gëtt et vun LCGB an CGFP gréng Luucht.

De Xavier Bettel annoncéiert den Echec

D’Gewerkschaft wëllt den Accord de principe, op deen ee sech Ugangs leschter Woch gëeenegt hat, no weidere Clarificatiounen net méi matdroen. Den OGBL stéisst sech virun allem un de Changementer ëm den Index. LCGB a Staatsbeamtegewerkschaft CGFP weise sech dogéint favorabel vis-a-vis vum Accord. An d’Patronat, dat stoung schonns no den éischten Tripartite-Reuniounen op der Säit vun der Regierung.

Tripartite - keen Accord fonnt / Reportage Diana Hoffmann

“Et gëtt keen Accord, den OGBL konnt de Pak net matdroen”, dat war dat éischt, wat d’Presidentin vum OGBL sot, wéi si eppes no Hallefnuecht virun d’Press getrueden ass. Mam Resultat, dat um Dësch läit, ass een deemno net zefridden. Et wier ee bereet gewiescht, ze acceptéieren, datt déi zweet Indextranche dëst Joer soll reportéiert ginn. Mä wat elo géing um Dësch leien, géing bedeiten, datt déi meeschte Leit manner Geld zur Verfügung hätten, wéi wa se hir Indextranche kritt hätten, heescht et vun der OGBL-Presidentin. En zweete Knackpunkt wier gewiescht, datt een elo nach net wéilt iwwer d’Reportéiere vu weideren Indextranchen diskutéieren.

Verschidde Propositioune vum OGBL, déi anscheinend op d’mannst zäitweis um Dësch louchen, si fir sou munch een absurd. De President vun der Union des entreprises, de Michel Reckinger, echaufféiert sech, datt den OGBL gären hätt, datt Leit mat engem Joressalaire vu bis zu 160.000 Euro solle fir hire Kafkraaftverloscht kompenséiert ginn. “Am Handwierk an am Commerce gëtt et keen, deen 160.000 Euro verdéngt. Déi verdéngen ech och net. A wann ech dann héieren, datt dat muss kompenséiert ginn an, datt dat déi vulnerabel wären,.. do muss ee sech un de Kapp faassen”, sou de Michel Reckinger. Am Accord, deen elo um Dësch läit, solle Leit mat engem Joressalaire bis 100.000 Euro Kompensatioune fir hire Kafkraaftverloscht kréien.

Um Donneschdeg de Moie huet den OGBL op enger Pressekonferenz weider Explikatiounen iwwert den Echec bei den Negociatioune ginn. Et géingen nämlech Ligen erzielt ginn, ënner anerem, datt d’Gewerkschaft géing horrend Zomme fuerderen, esou d’Nora Back.

Um Pressebriefing huet de Premierminister Xavier Bettel och nach ënnerstrach, datt d’Regierung en historesche Pak vun enger ronn 830 Milliounen op den Dësch geluecht hätt. All Menage géing méi eng grouss Kafkraaft kréien, wéi dat virun der Kris de Fall war. Bei de Leit, déi et am meeschte géinge brauchen, géing de Kafkraaftverloscht esouguer iwwerkompenséiert ginn. 225 Milliounen Euro vun dem Investitiounspak si fir Betriber virgesinn, déi am meeschte vun héijen Energiepräisser betraff sinn.

D’Paulette Lenert schwätzt vun eemolegem Pak

Entsat weist de Premier sech doriwwer, datt d’Propositiounen, déi den OGBL virgeluecht huet, d’Regierung wäit iwwer eng Milliard Euro géinge kaschten.“Mir kënnen awer net de Prinzip hunn: No eis ass et egal wat geschitt”, sou de Premier.

De Michel Reckinger betount, datt Regierung elo muss hir Responsabilitéit iwwerhuelen, och wann et just en Deelaccord op der Tripartite gëtt. Schliisslech dierft d’Land net stoe bleiwen an et dierft net näischt geschéien, well soss géing ee muer de Buttek kënnen zou maachen.

Um Donneschdeg de Moie kënnt d’Regierung zesumme fir, wéi de Premier et ausdréckt: Verantwortung ze iwwerhuelen. Dono gëtt an der Chamber annoncéiert, wat vu Mesuren zréckbehale gouf.

Tripartite-Echec: Déi komplett Pressekonferenz am Replay

Reaktioun François Bausch am Live-Interview

Och de Vizepremier François Bausch huet sech en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview enttäuscht gewisen, dass keen unanimmen Accord fonnt gouf. Iwwer déi ganz Sëtzungen ewech wier u sech eng gutt Stëmmung gewiescht. E Mëttwoch hätt d’Regierung nach eng Rei Saachen drop geluecht an awer gouf et en Echec, bedauert de François Bausch.

Reng technesch gesinn, muss et an enger Tripartite keen Accord ginn. Deemno wäert d’Regierung wuel un hire Propose festhalen. Op alle Fall ass de Premier Xavier Bettel en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber a wäert do déi Deklaratioun maachen an d’Deputéiert informéieren iwwert déi iwwer 60 Stonne Verhandlungen, déi een hat. Selbstverständlech géif d’Regierung dann och hoffen, den Optrag ze kréien, fir de Gesetzprojet op den Instanzewee ze schécken. Dat bedeit ëmmerhin e Pak vun iwwer 800 Milliounen Euro. Domat soll een och iwwert déi nächst 2 Joer Rou hunn an deem Sënn, dass een net stänneg sozial Spannungen huet an och d’Betriber Previsibilitéit hunn.

De Françios Bausch am RTL-Interview

Den 1. Abrëll fält mol déi éischt Indextranche, betount de Vize-Premierminister, dee wuel weess, dass den Index historesch belaascht ass. Mä ëmmer, wann et drop ukomm ass, hätten d’Sozialpartner um Mechanismus festgehalen. Heiansdo wäre kleng Modulatioune gemaach ginn. Ma nach ni wierr esou kompenséiert ginn ewéi elo.

De kompletten Interview mam Vizepremier François Bausch

Tripartite-Negociatiounen: Gewerkschafte si sech net eens

LIVESTREAM Radio

PDF: Pressecommuniqué vun der CGFP

Back to Top
CIM LOGO