Max Hahn zu Situatioun a FlüchtlingstrukturenONA-Struktur ass eng temporär Wunnméiglechkeet a kee bezuelbare Wunnraum

Marlène Clement
Jeannot Ries
E puer Méint ass et hier, datt eng Struktur fir Refugiéen zu Esch huet missen zougemaach ginn, well do e Feier ausgebrach war.

Den Ament gëtt d'Struktur renovéiert. Eng 40 Refugiéeën, déi do gelieft hunn, hu misse relogéiert ginn. De Problem: Vill Strukture si voll an eidel Better ginn et kaum. E puer vun de Concernéierten hunn deemno missen eng länger Zäit an der Zeltstad Tony Rollmann um Kierchbierg verbréngen. Ee vun hinnen huet sech rezent an engem Bréif perséinlech un d'Regierung adresséiert.

Véier Méint huet den Osman J. an der Noutstruktur um Kierchbierg verbruecht. Nom Incident an der Struktur zu Esch wier hien nees provisoresch am Primo-Accueil ënnerkomm, erzielt den 21 Joer jonken Asyldemandeur aus dem Sierra Leone. Am Ufank wier gesot ginn, et wier fir e puer Deeg. Aus e puer Deeg wieren e puer Méint ginn. Informatioune vum ONA hätt hien an där Zäit kaum kritt.

Firwat kréie mer net eise Foyer zu Esch zeréck, wou mer eist friddlecht Liewen haten?. Déi Fro stellt den Osman J. a sengem Bréif? Hien ass elo zu Dikrech an enger Struktur ënnerkomm. Hien deet sech awer schwéier mat deem Changement. Zu Esch hat de jonke Refugié eng eege Kummer, konnt sech selwer kachen a war am reegelméissegen Echange mat senger Assistante sociale. Dat wier him alles ewechgeholl ginn, kritiséiert hien. An dee laangen Openthalt an der Zeltstad hätt hie kierperlech a mental u seng Limitte bruecht.

© Marlène Clement

Wéi laang d’Renovatiounsaarbechten an der Struktur zu Esch daueren, konnt den Accueilsminister Max Hahn op Nofro net soen. Generell wier een, wat d'Strukture fir Refugiéën am Grand-Duché ugeet, an enger permanenter Urgence. 98-99 Prozent vun de Better wiere beluecht. Eng ONA-Struktur wier eng temporär Wunnméiglechkeet a kee bezuelbare Wunnraum, betount den DP-Minister.

Dofir sollten d'Refugiéen esou sou séier wéi méiglech probéieren, Sproochen ze léieren an eng Aarbecht ze fannen, fir esou séier wéi méiglech aus de Strukturen ze kommen. Fir Persounen, déi am Grand-Duché internationale Schutz ugefrot hunn, gouf den Accès op den Aarbechtsmaart iwwerdeems virun zwee Méint vereinfacht. Si kënnen elo no véier Méint am Grand-Duché schaffe goen a brauche keng Autorisation d'occupation temporaire (AOT) méi.

Den Osman schwätzt zwar Englesch a Franséisch, fir eng Aarbechtsplaz huet et bis elo awer net geklappt. Mat 17 Joer huet hie säin Hierkonftsland verlooss. No Etappen an der Tierkei, Griicheland a Frankräich ass hien Ufank 2024 op Lëtzebuerg komm. Seng éischt Demande fir Asyl krut hie refuséiert, hien huet déi Decisioun kontestéiert a waart op eng Äntwert. Dat géing vill Patronen ofschrecken.

Fir déi existent Strukturen z'entlaaschten, zielt den Accueilsminister och weider op d'Gemengen. Zil wier et net, onendlech Better zu Lëtzebuerg ze schafen, ma virun allem fir aner - méi al Strukturen - kënnen zouzemaachen, andeems ee vläicht méi kleng Strukture verdeelt duerch d'ganzt Land kéint opmaachen.

Back to Top
CIM LOGO