
D’Leit géifen englesch schwätzen a behaapten, de Goudron wier bei aneren Aarbechten iwwereg bliwwen a misst elo séier verschafft ginn. Dofir bidde si dann un z.B. den Haff oder d’Afaart nei ze godronéieren.
Tatsächlech géife se och direkt lassleeën, dat allerdéngs mat mannerwäerteger Wuer, an dat zu engem iwwerdeierten Tarif.
D’Police huet deemno eng Warnung erausginn, dass ee keng sou Aarbechten soll duerchféieren loossen, respektiv och keng Acompten ze bezuelen.
Hausbesëtzer, déi Affer vun esou engem Bedruch gi sinn, solle sech onbedéngt bei der Police mellen an eng Plainte maachen.