
Saudi-Arabien huet no enger Dronen-Attack hir wichtegst Ost-West-Pipeline fir Pëtrol virsiichtshallwer ofgeschalt. Satellittebiller weisen, dass d'Pompelstatioun, déi getraff gouf, gebrannt huet.
Bei den Attacken an de Regioune Riad a Medina goufen och Leit blesséiert.
Déi 1.200 Kilometer laang Pipeline ass aktuell ganz wichteg, well doduerch Pëtrol vum Persesche Golf un d'Rout Mier transportéiert gëtt. Domat gëtt d'Strooss vun Hormus ëmgaangen, déi ëmmer nees duerch de Konflikt tëscht den USA an dem Iran blockéiert ass.
Wouhier d'Drone genee koumen, ass nach net definitiv gekläert.