
Verschiddener gi sech dobäi och als dafstomm aus a weisen hiren Affer en Ziedel, fir Spenden ze sammelen. Andeems si no engem Glas Waasser froen oder froen, fir op d’Toilette ze goen, probéiere si d’Affer ofzelenken a sech Zougank zur Wunneng ze verschafen, wou si sech no Wäertgéigestänn ëmkucken.
D’Police weist an dem Kontext dorop hin, datt sech richteg Mataarbechter vun Hëllefsorganisatiounen ëmmer ausweise kënnen. Sollt een awer Zweiwel un der Identitéit vu Sammler vu Spenden hunn, sollt een déi betraffen Organisatioun kontaktéieren, fir sech z’informéieren.