
Wero huet Payconiq nach net emol een Dag ersat, a scho sinn déi éischt Phishingmailen am Ëmlaf.
An engem Mail, deen aktuell verschéckt gëtt, heescht et, dass ee säi Sécherheetszertifikat misst erneieren, fir ze evitéieren, dass et beim Wiessel op déi nei App zu Problemer kënnt. Am Mail ass dann och e Button mat engem Link fir op e Site, op deem ee seng Donnéeë soll aginn.

Ma wann ee sech de Mail méi genee ukuckt, gesäit een allerdéngs, dass e vun enger südafrikanescher Adress verschéckt gouf.
Et handelt sech deemno ëm e Phishing-Versuch. Deementspriechend gëllt et, net op de Link ze klicken an de Mail ze läschen.