
E Freideg de Moien hat de CGDIS dräi Asätz wéinst klenge Bränn. An der Stad an der Rue d'Epernay hat eng Poubelle gebrannt, zu Gräisch an der Tëntenerstrooss e Bam an um Izeger Stee eng Heck.
Géint 10:40 Auer hunn d'Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech mussen an den Asaz, well op der A4, tëscht Leideleng-Nord an dem Zéissenger Kräiz en Auto an e Camion anenee gerannt waren. Et war och eng Ambulanz aus der Stad op der Plaz. Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, gouf awer kee blesséiert.