Dummeldenger KierchOrthodox Ukrainer biede fir hiert Vollek, hiert Land an eng Victoire

Monique Kater
Bal ee Joer laang hunn déi orthodox Ukrainer hei zu Lëtzebuerg no engem Gebai gesicht, an deem si hir Gottesdéngschter kéinten zelebréieren.
Orthodox Ukrainer biede fir hiert Vollek an hiert Land
Bal ee Joer laang hunn déi orthodox Ukrainer hei zu Lëtzebuerg no engem Gebai gesicht, an deem si hir Gottesdengschter kéinten zelebréieren.

Um Enn ass de Choix vun der Stad, mam Accord vum Bistum, op d’Dummeldenger Kierch gefall.

Virun enger Woch war hei déi éischt Mass an e Samschdeg war d’reliéis Communautéit vun den orthodoxen Ukrainer an der Saint Hubert zesummekomm, fir mam Père Illarion d’Bénédiction des Eaux, also d’Daf vu Jesus Christus, ze feieren.

“Et ass eise Glawen. Mir gleewen u Gott, un eist Land an elo och un eis Victoire. Mir wëssen, firwat mir kämpfen an op wat mir waarden. D’Kierch hëlleft an ënnerstëtzt eis, hëlleft eis wieder ze maachen…fir ze gewannen”,
esou de Mykola Novikov, Konsul fir Lëtzebuerg zu Kiew, e Samschdeg.

Bis déi orthodox Ukrainer hir Kierch endlech haten, ware Méint vergaangen. Mat der griichesch-orthodoxer Kierch zu Weiler krut een d’Lach iwwerbréckt.

“Mir hu vu Kiew eng Rei reliéis Objete matbruecht. Käerzen, zum Beispill, an Ikonen, a nach vill aneres. Eist Zil ass et, eis all Woch hei ze gesinn, mee leider kann de Père Illarion, well en zu Metz wunnt, just zweemol de Mount bei eis kommen”, esou den Initiateur a Gestionnaire Serki Sviatko.

Et gëtt also nach e Paschtouer fir hir orthodox Gottesdéngschter gesicht. Benevoller, fir an der Kierch hëllefen, hu si dogéint zimmlech vill.

Back to Top
CIM LOGO