Eng Parkplaz ass ronn 12,5 Quadratmeter grouss – ongeféier sou vill wéi eng kleng Schlofkummer. Genee dee Raum gëtt zu Déifferdeng am Kader vum Parking Day fir e Weekend net fir Autoe mee fir Mënsche genotzt.
Virum Parc Gerlach an op anere Plazen an der Stad hunn e puer Caféen a Restauranten zwou Parkplaze virun hirer Dier an eng kleng Terrass ëmfunktionéiert. D'Aktioun ass hei am Land am Kader vun der Mobilitéitswoch an Deel vun enger internationaler Beweegung, déi weist, wéi de Stadraum temporär anescht kéint genotzt ginn.
Fir d'Mobilitéitsschäffin vun Déifferdeng, d’Zenia Charlé, geet et virun allem ëm e symbolescht Signal. D'Gemeng wëllt domat weisen, datt manner Parkplazen net onbedéngt en Nodeel fir de Commerce musse sinn. Eng Terrass kéint am Géigendeel méi Clienten an domat och méi Ëmsaz bréngen. Dat gesäit och d'Marisa, Gerante vun engem portugisesche Restaurant beim Parc Gerlach, esou. Well hire Lokal keng grouss Terrass huet, bitt d'Pop-up-Léisung Plaz fir méi Dëscher a méi Gäscht.
D'selwecht gesäit een dat bei engem Brunch-Café an der Rue Emile Mark, wou d’Iddi gutt ukënnt. D’Gerante Sandra Martos seet, d’Noperen hätten näischt dogéint, wa fir eng Terrassen e puer Parkplaze géifen ewechfalen.
Fir d'Gemeng ass de Parking Day da gläichzäiteg en Test fir d'Zukunft. Konkret Pläng géif et nach net ginn, mee d'Aktioun soll weisen, wéi den ëffentleche Raum anescht kéint opgedeelt ginn.