Geféierleche Schoulwee zu ZéissengEltere fuerdere méi Sécherheet fir hir Kanner

Tim Morizet
Busser, déi beim Ofbéien op den Trottoir geroden, Camionen, déi Potten ëmrennen an Automobilisten, déi net um Foussgängersträifen stoe bleiwen. Zanter Jore maachen Elteren an Awunner zu Zéisseng op d'Situatioun ronderëm d'Grondschoul an de Foyer scolaire opmierksam. Trotz enger Visitt vum Schäfferot Ugangs vum Joer géifen déi grouss strukturell Changementer bis haut op sech waarde loossen.
© RTL

Et ass kuerz virun 8 Auer moies zu Zéisseng. De Beruffstrafic vermëscht sech mam Schoulverkéier. Busser, Autoen a Camione fueren duerch d'Zéissenger Strooss, wärend Elteren hir Kanner an d'Schoul bréngen.

Elo, wou d'Deeg ëmmer méi kuerz ginn, kënnt nach en anere Facteur dobäi: déi schlecht Visibilitéit. Fir vill Elteren aus dem Quartier ass de Schoulwee all Moien op en Neits mat Suerge verbonnen.

"Mir hunn hei e puer Facteuren: vill Verkéier, e Manktem u Signalisatioun an u Beliichtung an eng Infrastruktur, déi op verschiddene Plazen net gutt duerchduecht ass", erkläert de Loïc Guillermet, Vertrieder vun den Eltere vun der Zéissenger Grondschoul.

Geféierleche Schoulwee zu Zéisseng
Zanter Jore maachen Elteren an Awunner zu Zéisseng op d'Situatioun ronderëm d'Grondschoul an de Foyer scolaire opmierksam.

Zwee Accidenter bannent manner wéi engem Joer

Besonnesch problematesch wier d'Kéier direkt virun der Entrée vun der Grondschoul.

Fir grouss a schwéier Gefierer, déi reegelméisseg vun der Industriezon vu Leideleng respektiv vun der Autobunn erofkommen, géif et hei u Plaz feelen. Am Juni 2025 hat e Camion e Potto direkt virun der Schoul ëmgerannt. Den 9. Februar dëst Joer koum et op där selwechter Plaz zu engem weideren Accident, dës Kéier mat engem Bus. Dat kuerz virun 8 Auer moies, zu engem Zäitpunkt, wou vill Kanner an Elteren ënnerwee waren. Blesséiert gouf deemools keen.

Der Elterevertriedung no wier et och schonn zu Situatioune komm, bei deene Kanner bal vun engem Bus erfaasst gi wieren.

"Et ginn och ëmmer nees Autoen, déi wéinst der schlechter Visibilitéit net méi mat Zäite virum Foussgängersträife stoe bleiwe kënnen", erkläert de Loïc Guillermet.

Mat der Zäitëmstellung, dem Reen an der Däischtert géif sech de Problem an de Wanterméint nach weider verschäerfen. D'Automobiliste géifen hir Vitess net ëmmer de Verhältnisser upassen.

Dräi Minutten ze Fouss – an awer ze geféierlech

De Gabor Mocskonyi wunnt mat senger Famill just dräi Minutten ze Fouss vum Foyer scolaire ewech. Seng Kanner sinn aacht an eelef Joer al. Trotz där kuerzer Distanz léisst hie se net eleng heemgoen.

"Mir erliewen hei all Dag geféierlech Situatiounen. D'Autoe bleiwen net stoen, si reduzéieren hir Vitess net an hale sech net un d'Reegelen. Dat bedeit, datt ee seng Kanner net eleng heemgoe loosse kann", erzielt de Familljepapp.

Hie wier och selwer scho mat senge Kanner an enger geféierlecher Situatioun gewiescht, wéi si um Zebrasträifen iwwert d'Strooss wollten an Automobilisten einfach weidergefuer wieren.

"Mir brauchen onbedéngt eng rout Luucht, fir d'Awunner ze schützen. Soss wäert et zu engem Accident kommen. An dat geet schonn zanter Joren esou."

Zanter 2022 am Austausch mat der Stad

Schonn zanter 2022 géifen d'Elteren op d'Situatioun opmierksam maachen. De 4. Mäerz dëst Joer waren d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer an d'Schäffe Patrick Goldschmidt a Paul Galles selwer op der Plaz. Den Eltere goufen deemools kuerz- a mëttelfristeg Mesuren, grad ewéi e gréissere Projet fir de Quartier, an Aussiicht gestallt.

Verschidde punktuell Mesurë goufen zanterhier ëmgesat, dorënner den Asaz vun engem Verkéiersagent. Op gréisser strukturell Changementer waarden d'Elteren awer nach ëmmer.

An engem Schreiwes vum 13. Oktober huet d'Stad Lëtzebuerg den Elteren en zousätzleche Foussgängersträife virum Foyer scolaire ënner anerem mat Verweis op d'Fluiditéit vum Verkéier refuséiert. Eng Argumentatioun, déi bei der Elterevertriedung sauer opstéisst.

"Domat stellt een iergendwéi d'Sécherheet vun de Kanner ronderëm d'Schoul an de Foyer der Fluiditéit vum Verkéier géintiwwer. Dat ass problematesch."

Méi Verkéier duerch e wuessende Quartier

Och de Syndicat d'intérêts locaux vun Zéisseng setzt sech zanter Jore fir eng Extensioun vun der Zone 30 an. De Quartier géif ëmmer méi als Ofkierzung a Richtung Cloche d'Or oder dem Ban de Gasperich benotzt ginn.

Eng zousätzlech Schwieregkeet: Bei der Zéissenger Strooss handelt et sech ëm eng Staatsstrooss, soudatt verschidden Amenagementer eng Zesummenaarbecht tëscht der Stad an dem Staat viraussetzen.

De President vum Syndicat, de Marco Riewer, fuerdert nieft enger rouder Luucht beim Foyer scolaire och sougenannte Berliner Këssen, zousätzlech Schëlter a pedagogesch Radaren.

"Et gëtt net besser, et gëtt ëmmer méi schlëmm", esou de Marco Riewer, deen och op de Bevëlkerungswuesstem vum Quartier an den nächste Joren hiweist.

D’Stad Lëtzebuerg waart op Erlabnis

Fir d'Eltere kënnt et virun allem drop un, datt elo gehandelt gëtt. Och wann e gréissere Projet méi Zäit an Usproch kéint huelen, misste kuerzfristeg Léisunge fonnt ginn. "Haut besteet d'Gefor. An et ass haut, wou meng Kanner an d'Schoul ginn", esou nach de Loïc Guillermet.

Ob Nofro bei der Stad Lëtzebuerg bestätegt dës, datt aktuell géif u Solutiounen ronderëm d’Grondschoul zu Zéisseng gesicht ginn. Et wier geplangt sougenannte "Berliner Këssen" ze installéieren. Et géif ee just nach op en Accord Permissioun de Voirie waarden. Soubal dës Permissioun do wier, géifen d’Knuppe fir d’Vitess ze reduzéieren direkt installéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO