Mont-Saint-Martin41 Joer ale Mann vun Zuch erfaasst, Streck Rodange-Lonkech zou

Anaïs Riffi
Géint 17 Auer gouf bei Mont-Saint-Martin eng Persoun vun engem Zuch erfaasst, dat just hannert der lëtzebuergesch-franséischer Grenz. Dowéinst gouf d'Streck a béid Richtunge gespaart.
© D.R.

Wéi et vun der Plaz heescht, wier en Zuch vun den CFL vun der Lonkecher Gare aus a Richtung Rodange gefuer, wéi hien e Mann, deen op de Gleiser war, ze pake krut. Den Tëschefall war tëscht Lonkech a Mont-Saint-Martin. Eng 20 Leit waren u Bord, wéi et zum Virfall koum.

D'Pompjeeën an d'Rettungsdéngschter vu Lonkech waren hei am Asaz, dat mat engen Dose Leit an dräi Gefier. De Pompjeeë vun der Plaz no huet den 41 Joer ale Mann den Accident net iwwerlieft. Wéi et dozou koum, ass aktuell nach net gewosst.

D'Ligne 70 gouf och wéinst dësem Tëschefall komplett fir den Trafic gespaart, esou datt Leit déi op den Zuch ugewise sinn, mat Verspéidunge musse rechnen.

Wéi d'CFL op hirem Site matdeelen, gëtt et dann och nach Problemer tëscht der Stad an Diddenuewen, dat wéinst engem Tëschefall, deen net weider präziséiert gëtt, op der franséischer Säit. Hei ginn awer verschidde Bus-Alternativen ugebueden. Och op der Streck a Richtung Tréier muss ee wéinst engem Virfall op der däitscher Säit mat Verspéidungen an Ausfäll rechnen.

Back to Top
CIM LOGO