Temps partiel familial Projet zréckgezunn, ma net ganz vum Dësch

Pit Everling
Och de Rekrutement bei der Police war Thema an der Chamber.
© AFP

Den Text vum Temps partiel familial géing iwwerschafft ginn. Dat huet den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz an der Chamber confirméiert."Fir mech ass d' Iddi net gestuerwen, mä si ass net méi Bestanddeel vun dësem Package, well och déi Reklamatiounen, net Reklamatiounen, mee déi Remarken, déi koumen am Juli, August, dass dat net gutt wier, et wier nëmme fir déi Räich an dat wier nëmmen fir déi, déi sech et kënne leeschten. Also ech hunn ee Virdeel, ech héiere relativ gutt an ech hunn de Message verstanen. An dofir war et fir mech kee Problem, fir ze soen, ma dann zéie mer de Projet zréck an da kucke mer an enger zweeter Etapp eppes aneschters ze bréngen, wou do vill méi konkreet da kann dovu profitéiert ginn an dass dann dee sozialen Näid, deen e bësse geschürt ginn ass, anscheinend mam Projet, wat awer net meng Absicht war, dass deen dann aus de Féiss ass."

De Projet war ëmstridden. Vu verschiddene Säite war ënner anerem kritiséiert ginn, datt Leit mat wéinege Moyenen a Frae benodeelegt wieren. Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard an den LSAP-Parlamentarier Goerges Engel haten an der Chamber-Plenière nogefrot.

En anere Sujet um Krautmaart war d'Police. Am September gouf déi nei Recrutements-Campagne lancéiert. Iwwer 1.000 Leit hate sech fir 200 Poste gemellt, also méi ewéi 5 mol sou vill ewéi Plaze kënne besat ginn. Den CSV-Inneminister Leon Gloden huet sengem Parteikolleeg Laurent Mosar an der Plenière Detailer genannt.

"Mir haten 1.034 Kandidaturen an enger éischter Phas. En Deel hat de Staatsexamen nach net. An duerfir haten d'Leit bis Enn Oktober Zäit, fir den Examen ze maachen. Elo hu mer am Endeffekt 900 komplett Dossieren. Déi Kandidaten duerchlafen elo déi verschidden Epreuven, Sport, Sproochen an aner Tester. Dat geet bis Ufank Januar. An duerno gëtt dann de Klassement opgestallt. Wéi dann d'Kandidaten herno verdeelt ginn, dat opläit der Direction générale vun der Police."

Zënter 2023 wier d‘Police ëm 500 Persoune gewuess. Ënner anerem gouf d‘Police judiciaire ëm ronn 200 Mataarbechter opgestockt. De verstäerkte Rekrutement wäert och weider goen, sou de Minister Gloden. De Kommissariat Réimech/Munneref soll iwwregens eng Lokal-Unitéit kréien.

Back to Top
CIM LOGO