Maison du Grand-DucPersonalsituatioun um Haff huet sech externem Auditeur no verbessert

RTL Lëtzebuerg
2020 war de Waringo-Rapport iwwert de groussherzoglechen Haff erauskomm. Zanterhier gëtt et d’Maison du Grand-Duc, déi nei Verwaltung vum Haff.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Si huet rezent hiren zweete Joresrapport publizéiert, iwwert d’Aktivitéiten an d’Finanze vum Haff. D’Personal wier méi zefridden, kann een do dra liesen.

De Rapport, Format DinA4, een Zentimeter déck, op festen, matte Pabeier gedréckt, weist zum groussen Deel Fotoen. Vum Grand-Duc mat anere wichtege Leit. Vum Ierfgroussherzog, deen an engem Betrib Knippercher oder Zännprothees kuckt. A soss Membere vun der Famill, déi jee no Ulass, mat frëndlecher oder eeschter Minn, ma ëmmer interesséiert dra kucken.

Ma zanter dem Waringo-Rapport 2020 soll déi nei Verwaltung fir Struktur an der Organisatioun vum Haff an Transparenz an den Zuele suergen. Dee Rapport hat jo Probleemer an de Relatioune virun allem tëscht der Fra vum Grand-Duc an dem Personal ervir gehuewen. En externen Auditeur, kënnt elo zur Konklusioun, datt sech d’Situatioun verbessert huet.

“Il apparaît clairement que la Maison du Grand-Duc a bénéficié des réorganisations récentes et que le travail effectué a porté ses fruits pour une meilleure qualité de vie au travail du personnel. Le fait que les problématiques passées soient à l’heure actuelle entendues et discutés, crée d’ailleurs un fort sentiment d’engagement et une augmentation de la satisfaction globale du travail.”

Esou ginn d’Konklusioune vum Auditeur, der Firma Pétillances, am Joresrapport zitéiert. Den Auditeur huet awer och Recommandatioune gemaach, och wann e preziséiert: “Aucun des facteurs n’est apparu dans nos analyses comme un point d’alerte absolument urgent et grave.” Esou wieren ënnert anerem Kloerstellung am Fonctionnement vun der ligne managériale noutwenneg. An et géif e Besoin, fir d’Kommunikatioun “top-down” ze verbesseren.

Wat d’Finanzen ugeet, hat d’Maison du Grand-Duc Depense vu ronn 15,6 Milliounen Euro. D’Personalkäschte fir déi 104 Mataarbechter ware mat ronn 10,5 Milliounen Euro den décksten Ausgabeposten. Dobäi komme Fonctionnementskäschte vun der Administratioun, Entretien an Investitiounen an d’Gebailechkeeten. Och den Haff huet d’lescht Joer d’Augmentatioun vun den Energiekäschten ze spieren. D’Facture fir Brennes a Waasser war no un enger Millioun Euro.

Am Kader vun der Verfassungsreform hat et déi lescht Joren och Diskussiounen ëm d’Roll vun der Fra vum Grand-Duc ginn. An der Chronologie vun den ëffentlechen Aktivitéiten um Haff gesäit een, datt d’Maria Teresa d’lëscht Joer op 52 Deeg fir den Haff ëffentlech Aufgaben iwwerholl huet.

Dovun entfalen der siwen op d’Feierlechkeeten ëm Nationalfeierdag an dräi op d’Staatsvisitt a Portugal. Dorënner falen awer och zum Beispill Interviewen, déi si “Vox Femina” an der Sendung “Wunderschön” vum SWR ginn huet oder fënnef Visitte vun Expoen am Kader vum Kulturjoer Esch 2022, dat ënnert hirem Haut-Patronage stoung.

Back to Top
CIM LOGO