CGDISZwee Vëloe bei Hielem anenee gerannt

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt véier Asätz vum Donneschdeg den Owend.
© Laurent Weber

Kuerz virun 18 Auer op Chrëschtdag huet zu Hueschtert eng Heizung gebrannt. D’Ekippe vu Réiden a Rammerech waren hei am Asaz. Et blouf beim Materialschued.

Zwee Vëloe wareh dann ronn eng Stonn méi spéit zu Hielem net laanschtenee. Déi zwee Blesséiert goufe vun den Ekippen aus der Stad a vu Lëntgen behandelt.

Géint 20.30 Auer krut en Auto um N7 tëscht Lëntgen a Luerenzweiler eng Persoun ze paken. D’Ekippen aus der Fiels vu Lëntgen a Luerenzweiler kruten Ënnerstëtzung vum Samu, fir déi blesséiert Persoun ze behandelen. D’Police huet am Laf vum Freideg de Moie matgedeelt, datt d’Affer un de Suitte vun hire Blessure gestuerwen ass.

An dann hat an der Stad géint 23 Auer nach eng Poubelle gebrannt. Déi lokal Pompjeeë waren am Asaz.

Zwee ganz änlech Accidenter mellt de CGDIS dann um Freideg de Moien, deen ee kuerz virun an den anere kuerz no 9 Auer. Am éischte Fall ass op der A13 op der Héicht vu Schëffleng en Auto an d’Leitplanke gaangen. D’Rettungsekippe vun Diddeleng a Schëffleng hunn ee Blesséierte behandelt. Mat Materialschued blouf et da kuerz drop op der A6 op der Héicht vu Capellen. Och hei huet e Won d’Leitplanke beschiedegt. Hei goufen d’Ekippe vu Mamer a Koler geruff.

Back to Top
CIM LOGO