EttelbréckPersoun koum wéinst Drogebesëtz an Untersuchungshaft

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 18.20 Auer huet eng Patrull zu Ettelbréck zwou Persounen ugetraff, déi amgaange waren, Drogen ze huelen.
© Police

Béid Männer goufen dowéinst mat op de Policebüro geholl an do ënnersicht. De Parquet huet dann och ordonéiert, datt d’Wunneng vu enger vun de Persoune sollt duerchsicht ginn. Do goufen 100 Gramm Haschisch, 28 Gramm Marihuana, verschidden Drogenutensilien an eng gréisser Zomm Boergeld, esou wéi och e Messer an Handye saiséiert.

De Parquet huet de Mann doropshi verhafte gelooss an den Untersuchungsriichter huet hien an Untersuchungshaft geschéckt. Den zweete Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO