Sektorielle PlangPlan de maintien dans l'emploi fir d'Horesca gëtt Realitéit

RTL Lëtzebuerg
Mat dësem Plan de maintien dans l'emploi engagéieren d'Betriber sech, keen z'entloossen...
© Horesca

Wéi d'Federatioun an d'Gewerkschaften LCGB an OGBL haut an engem Schreiwes matdeelen, gouf ugangs Juni esou e Plang ënnerschriwwen, deen en Dënschdeg gréng Luucht vum Konjunkturcomité krut. Mat dësem Plan de maintien dans l'emploi engagéieren d'Betriber sech, keen z'entloossen... dofir kënne si bis Enn dës Joers op Kuerzaarbecht zréckgräifen, wa si a Schwieregkeete sinn, an et gëtt e Kader fir Formatiounen a Prêt de main d'oeuvre. Et ass e sektorielle Plang, dee fir all d’Betriber gëllt, déi Member bei der Horesca sinn.

D'Kuerzaarbecht ass op 50 Prozent vum Total vun de Stonne limitéiert, an eenzele Fäll kann dee Seuil awer depasséiert ginn. D'Horesca an d'Gewerkschafte freeë sech iwwert den Accord, dee souwuel den Entreprisen, wéi och de Mataarbechter Sécherheet géing gi fir déi nächst Méint.

D'Krisendispositiounen a Saache Kuerzaarbecht lafen Enn dëse Mount aus, sou dass dëse Plang néideg gouf.

Hei dat offiziellt Schreiwes vun der Horesca

Back to Top
CIM LOGO