
Bei enger Kontroll an der Avenue Nicolas Kreins zu Wolz ass enger Patrull e Sonndeg de Mëtteg e Cannabisgeroch aus dem Gefier an Uecht geholl. Effektiv goufe bei der uschléissender Perquisitioun kleng Quantitéiten Cannabis séchergestallt. Den Drogentest op der Plaz ass positiv verlaf an de Chauffer krut e Protokoll.
Géint 1.30 Auer huet eng weider Patrull zu Rodange e Gefier an der Rue Fontaine d’Olière bemierkt, dat nawell onsécher gesteiert gouf. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an e provisoresche Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Kuerz Zäit méi spéit gouf zu Rodange nach eng Automobilistin kontrolléiert, déi negativ opgefall war. Si stoung mat hirem Won op der Fuerbunn an de Motor ass nach gelaf. Och hei war Alkohol am Spill, wat en Test confirméiert huet an de Permis war provisoresch fort.