Virop am TramPolice huet Kontrollen am ëffentlechen Transport an der Stad gemaach

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg an am fréien Owend war d'Police am ëffentlechen Transport an der Stad besonnesch visibel.
D’Police war am Tram besonnesch present.
© Police

Virop am Tram goufen d’Leit kontrolléiert, dat tëschent den Arrête Gare Centrale an Hamilius, an och um Arrêt Rout Bréck-Pafendall um Kierchbierg. De Fokus hätt dobäi allgemeng op der Policepresenz am ëffentlechen Transport an op den Arrête geleeën, mellt d’Police an hirem Bulletin e Mëttwoch.

Am Kader vun der Kontroll konnten zwou Persounen identifizéiert ginn, déi der Police signaliséiert waren. Eng vun hinne gouf mat op de Kommissariat geholl, fir weider Kontrollen ze maachen. Eng weider Persoun gouf wéinst dem Verstouss géint d’Drogegesetz protokolléiert.

Insgesamt waren un de Kontrolle 15 Beamten an ee pelzege Member vun der Hondsstaffel bedeelegt.

© Police

Back to Top
CIM LOGO