Kollisioun verursaacht a weidergefuerPolice lancéiert Zeienopruff no Accident tëscht Giewel a Simmerschmelz

RTL Lëtzebuerg
Am fréie Sonndegmoien, géint 0:50 Auer koum et um CR189 tëschent Giewel an der Simmerschmelz zu engem Accident mat Farerflucht.
© RTL Grafik

Éischten Informatiounen no ass en Auto vu Giewel aus a Richtung Simmerschmelz ënnerwee gewiescht, wéi him en Auto entgéintkoum, dee seng Pharen unhat an op der Géigefuerbunn gefuer ass. Den Auto aus Richtung Giewel huet doropshi missen auswäichen, ass am Gruef gelant a mat engem Bam kollidéiert.

Blesséiert gouf zwar keen, mee de Chauffer, wéinst deem den aneren Autosfuerer auswäiche misst, ass einfach weidergefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren oder nom Automobilist ze kucken.

D'Police sicht an deem Zesummenhang elo no Informatiounen zum Chauffer, dee geflücht ass. All Hiweiser zu dësem, oder zum Accident, ass fir de Policebüro vu Capellen/Stengefort, deen een ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per Mail u Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu kontaktéiere kann.

Back to Top
CIM LOGO