
Nodeems d’Gefier vun de Pompjeeë geläscht gouf, ouni datt d’Feier op d’Feld iwwergräife konnt, huet de Chauffer en Alkoholtest misse maachen. Dëse war positiv an de Permis war fort.
An der Rue Lohr zu Miersch kuerz viru 4 Auer e Samschdeg de Moien ass d’Police op en Automobilist opmierksam ginn, deen ze séier duerch e Rond-point gefuer ass an an der Suite op d’Géigespuer geroden ass. De Won konnt kuerz drop gestoppt ginn. och hei hat de Chauffer gedronk an huet de Permis missen ofginn.
E weideren alkoholiséierte Chauffer krut d’Police an der Rue Joseph Merten zu Dikrech gemellt. Den Automobilist hat mat sengem Won den Trottoir gesträift, doduerch war e Pneu geplatzt an den Auto hat sech gedréint an ass de verkéierte Wee an engem Rond-point stoe bliwwen. Och hei war Alkohol am Spill.