
Géint 8.10 Auer war an der Rue des Peupliers zu Hamm eng Passantin, déi mat hirem Hond grad iwwert den Zebrasträife getrëppelt war, vun engem Auto ugestouss a liicht blesséiert ginn. Zwar huet de schëllege Chauffer no der Fra gekuckt, ass dunn awer weidergefuer ouni seng perséinlech Donnéeën ze hannerloossen.
Et soll sech beim Chauffer ëm en 30 bis 45 Joer ale Mann handelen, deen englesch geschwat huet a mat engem hellgroen Auto mat Lëtzebuerger Plack a Richtung Cents ënnerwee war.
De Chauffer, oder Persounen, déi Zeie vum Accident gi sinn, si gebieden, sech beim Ernzer Policebüro ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 74 1000 oder per Mail u police.ernz@police.etat.lu.