Farerflucht um WandhaffPolice sicht no Kollisioun op engem Parking no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Um Wandhaff sinn Ufank Juli zwee Autoe beim Ausparken aneneegerannt. D'Police sicht elo wéinst Farerflucht no méiglechen Zeien.
© RTL Grafik

E Samschdeg de 4. Juli 2026 war et tëscht 17:30 an 18:30 Auer um Parking vum Supermarché LIDL um Wandhaff zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm, wéi ee wäisse Renault an ee schwaarzen Audi amgaange waren, auszeparken. Beim Virfall ass et beim materielle Schued bliwwen. Ee vun de Chaufferen huet doropshin awer Fareflucht gemaach.

D'Police sicht an deem Fall elo no Zeien. Persounen, déi Informatiounen hunn, si gebiede sech beim Policebüro vu Kapellen/Stengefort ënnert der Telefonsnummer +352 244 30 1000 oder per E-Mail u police.capellensteinfort@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO