
Éischten Informatiounen no haten zwee Täter un der Dier vun engem Eefamilljenhaus geschellt an d’Affer, déi d’Dier opgemaach hunn, menacéiert. Dono koum et dunn zu enger physescher Ausernanersetzung. Béid Täter si kuerz drop geflücht. Béid Affer koume fir eng Kontroll an d’Spidol.
Eng grouss Sichaktioun un där e puer Patrulle vun der Police bedeelegt waren, gouf ageleet, ass allerdéngs ouni Resultat bliwwen. Weider Ermëttlunge goufen ageleet. Zeien, déi Informatiounen zu dësem Fall hunn, gi gebiede sech bei der Police judiciaire ze mellen, dat iwwer Mail op spj.rgb@police.etat.lu.