Stater GarePolice soll duerch Rout gefuer sinn a krut Vespa-Chauffer ze paken

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg koum et op der Stater Gare zu engem Accident, bei deem de Chauffer vun enger Vespa vun engem Policeauto ugestouss gouf.
© Daniel Di Ciolla

Affer gesäit sech am Recht

De Chauffer vun der Vespa hat Gréng a wollt vun der Place de la Gare no lénks an d'Avenue de la Liberté ofbéien. Du wier vu lénks e Policeauto mat héijer Vitess gefuer komm, duerch Rout, hätt dobäi awer keng blo Luuchten oder d'Sireen ungehat, sou d'Ausso vum Geschiedegten. Weider huet de Mann präziséiert, datt et Aenzeie géif, déi dëst och bestätege kéinten.

D'Poliziste kruten de Chauffer mat der Vespa ze paken. De Motocyclist koum an d'Spidol, wou festgestallt gouf, dass d'Been zwee Mol gebrach ass.

© Daniel Di Ciolla

D'Police huet beim Affer eng Alkoholkontroll gemaach, déi war negativ. D'Beamten hunn dem Affer erkläert, si wiere vun enger anerer Patrull als Verstäerkung geruff ginn. Dofir wiere se duerch Rout gefuer.

E Constat wier nach net gemaach ginn, well hie vun der Plaz vum Accident direkt an d'Spidol gefouert gouf, sot d'Affer op Nofro vun RTL hin.

Police confirméiert Accident, gëtt keng Detailer

© Daniel Di Ciolla

D'Police huet dann op Nofro vun RTL och confirméiert, datt et zu engem Zesummestouss tëscht engem Policewon an enger Vespa gouf, datt um 0:07 Auer op der Place de la Gare. Weider hu si och geschriwwen, datt de Chauffer vum Moped blesséiert gouf. D'Versioun vum Geschiedegten huet de Service presse vun der Police weder confirméiert, nach dementéiert.

Hei de Communiqué vun der Police

VERKEHRSUNFALL ZWISCHEN POLIZEIAUTO UND MOPED
27.08.2019 um 00:07 Uhr
Luxemburg Place de la Gare

Dort war es vermutlich infolge einer Vorfahrtsmissachtung zu einem Zusammenstoss zwischen einem Dienstfahrzeug der Polizei und einem Moped gekommen. Dabei wurde der Mopedfahrer verletzt und ins Krankenhaus transportiert.
Back to Top
CIM LOGO