An de leschte StonnenPolice warnt virun Täschendéif an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg den Owend gouf beispillsweis op der Gare eng Fra beklaut, där onbemierkt den Handy aus der Posch geholl gouf.
© Police

D’Police huet eng Enquête opgemaach.

Täschendéif notzen dacks grouss Mënschemassen a Momenter vun Onopmierksamkeet aus, fir Wäertsaachen ze klauen. Vill Affer mierken de Vol eréischt méi spéit.

D’Police recommandéiert:

  • just dat néidegt Geld a Kreditkaarten dobäi ze hunn;
  • d’Täsch ëmmer zou a bei sech ze halen;
  • d’Täsch vir um Kierper ze droen;
  • Portmonni a Wäertsaachen an enger banneschter Täsch ze halen;
  • genuch Distanz zu onbekannte Persounen ze halen.

Verdächteg Persoune kënnen ënner der Nummer 113 bei der Police gemellt ginn.

Back to Top
CIM LOGO