StadPolicebeamten hunn zweemol wéinst aggressivem Verhale missen intervenéieren

RTL Lëtzebuerg
Géint 21 Auer e Freideg den Owend gouf der Police eng Kläpperei an engem Lokal an der Stroossbuerger Strooss an der Stad gemellt.

Béid Persoune waren nach op der Plaz, wéi d’Police ukomm ass. D’Affer gouf liicht blesséiert a koum zur Kontroll an d’Spidol. De presuméierten Täter gouf, no enger medezinescher Kontroll, an den Arrest bruecht.

Méi spéit kruten d’Police-Beamten d’Informatioun, an der Rue Sainte-Zithe an der Stad géif eng Persoun op enger Terrass vun engem Lokal déi aner Clientë menacéieren. De staark alkoholiséierte Mann gouf vun de Poliziste matgeholl, nodeems sech schonns erausgestallt hat, datt dësen zwou Mataarbechterinne vum Lokal attackéiert hat.

Back to Top
CIM LOGO