Journée nationale de la sécurité civilePompjeeën a Spezialunitéite weisen zu Dikrech hiert Kënnen

Ryck Thill
Fir déi 4. Editioun vun der Journée nationale de la sécurité civile war de CGDIS e Sonndeg zu Dikrech.

Nieft de Pompjeeën hunn och d'Spezialunitéiten an d'Partner vun de Rettungsdéngschter hir Aarbecht gewisen. Fir d'éischte Kéier gouf d'Evenement am Norde vum Land organiséiert.

Ronn 700 Beruffspompjeeën an 3.900 aktiv fräiwëlleg Pompjeeë ginn et den Ament zu Lëtzebuerg. Wéi ënnerschiddlech hir Aufgaben an Asätz kënne sinn, huet de CGDIS e Sonndeg op der Journée nationale de la sécurité civile gewisen.

Pompjeeën a Spezialunitéite weisen zu Dikrech hiert Kënnen
Fir déi 4. Editioun vun der Journée nationale de la sécurité civile war de CGDIS e Sonndeg zu Dikrech.

All zwee Joer organiséiert de CGDIS dësen Dag, bei deem de Public en Abléck an d'Aarbecht vun de Rettungsdéngschter kritt. Bei der véierter Editioun waren nieft de verschiddenen Unitéite vum CGDIS och eng Rei Partnerorganisatiounen dobäi.

Laanscht d’Sauer an um Site vun der Aler Seeërei goufen de ganzen Dag iwwer verschidden Asaz-Zenarie gewisen. D'Hondsstaffel huet zum Beispill demonstréiert, wéi no enger vermësster Persoun gesicht gëtt. Bei engem aneren Exercice gouf eng Persoun no engem Verkéiersaccident aus sengem Gefier geschnidden.

D'Zesummenaarbecht mat aneren Acteure vun der ziviller Sécherheet war en anere Schwéierpunkt vum Dag. Esou gouf ënner anerem gewisen, wéi eng Persoun mat Hëllef vun engem Helikopter aus schwéier accessibelem Terrain gerett ka ginn. An e Läschfliger vun Aquarius huet e Largage iwwert der Sauer gemaach.

Och d'Spezialiste vun der Waasserrettung waren op der Sauer am Asaz. D'Kajakstreck zu Dikrech bitt duerch hir Stréimung Konditiounen, déi och fir d'Formatioun an den Training vun den Taucher genotzt ginn.

Déi nächst Journée nationale de la sécurité civile ass an zwee Joer geplangt. Wou déi nächst Editioun ass, steet den Ament nach net fest. D'Zone de Secours Süde wär awer nees un der Rei fir den Dag ze organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO