E Samschdeg ageweitPositiv Echoen zu der "neier" Paräisser Plaz an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Tram war hei e grousse Chantier, donieft gouf d'Plaz selwer och nei gemaach.
Aweiung vun der neier Paräisser Plaz
Vill Leit ware komm, fir déi nei Plaz an der Stad ze gesinn. An den Echo ass duerchaus positiv.

Wéinst dem Tram gouf an de leschten zwee Joer op der Paräisser Plaz geschafft. An engems gouf déi selwer matrenovéiert. E Samschdeg de Mëtteg gouf déi nei Paräisser Plaz dann ageweit. Zemools d'Geschäftsleit kënne sech freeën an de Kaffi kann een dann elo ouni Chantierskaméidi op der Terrass genéissen. Bei guddem Wieder op der Terrasse setzen, dat ass elo op der Paräisser Plaz rëm ouni Chantierskaméidi méiglech. D'Aarbechte si fäerdeg an d'Plaz ass méi grouss wéi virdrun. Nieft nei geplanzte Beem a méi groussen Terrassen, goufen da fir d'éischt och d'Sprangbueren ugemaach. Dat als symbolesch Aweiung vun der neier moderner Paräisser Plaz, op där och zukünfteg wäert méi oft eng lass sinn, wéi d'Buergermeeschtesch erkläert.

Mir maachen och Animatiounen. Et wäert all Woch e Maart hei sinn, donneschdes vun moies hallwer 8 bis mëttes 2. Datt d'Leit déi Plaz hei fannen, wou se sech kennen treffe an flott zesumme sinn."

Wéinst dem Tram hunn d'Autoen hei misse Plaz maachen. Géigeverkéier huet een net méi. Den Trafic géif dat awer éischter positiv beaflossen, mengt d'Lydie Polfer

Den Trafic ass hei ganz anescht organiséiert ginn. Fréier konnt een jo hei iwwer d'Paräisser Plaz fueren an dann déi aner Säit erof an d'Antwerpener Strooss, dat gëtt et elo net méi. Et ass schonn eng Berouegung. Et ass jo och just nach eng Spuer, déi erof op d'Gare geet. Mir hunn de Quartier heimat wierklech entlaascht.

Vill Kritik koum déi lescht zwee Joer vun de Geschäftsleit aus dësem Quartier. D'Aarbechte géifen dem Geschäft schueden an de Kaméidi wier enorm. Elo wou d'Plaz fäerdeg ass, sinn déi Meescht awer ganz zefridden.

Mir kënnen eis wierklech net bekloen. Mir hunn elo zwee Joer laang gesouert, well mir zwee Joer laang keng Parkplaze méi haten, schrecklech vill Kaméidi, d'Leit sinn net bei de Buttek komm. Elo ass d'Resultat top, et ass wierklech schéin, esou ee Geschäftsmann.

Je suis désolé pour les autres mais je pense que la place de Paris est le plus joli endroit du Luxembourg. Je suis triste pour les autres mais ce qu'ils ont fait ici c'est quelque chose très joli et très spéciale, mengt en Aaneren.

D'Terrasse waren e Samschdeg den Mëtteg voll an déi offiziell Aweiung war gutt besicht. Ma och hei gouf et just Luef fir déi nei Paräisser Plaz.

Ça fait 22 ans que je suis au Luxembourg et c'est la première fois que je vois la place de Paris, vraiment un paradis pour les gens qui habitent ici et pour les restaurateurs.

Ech fannen et ganz schéin déi Plaz hei, ausser dass den alen Buer feelt.

Et war ëmmer eng Baustell zënterhier ech hei wunnen an elo ass d'Resultat ganz schéin. Et gesäit aus, wéi wann et wier, fir d'Leit e bëssen zesummenzebréngen.

Très joli, très acceuillant. On a tout de suite trouvé un place pour regarder ce qui ce passe. C'est un beau travail qui a mis du temps mais je crois que c'est bien reussi.

D'Paräisser Plaz wier e Beispill dofir, dass den Tram sech gutt an d'Stad integréiere kann. Manner Autoen dofir méi Mobilitéit an méi Leit. D'Konzept, wat zesummen mat den Bierger entwéckelt gouf, wier e groussen Succès.

Après 1 an de chantier, le nouveau look de la place de Paris
Marchés hebdomadaires, fêtes locales et évènements culturels, terrasses et promenades... voilà le programme pour la "nouvelle" place de Paris.

Link: Schreiwes vun der Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO