Fir Foussgänger a CyclistenPresentatioun vun der neier Passerell um Kierchbierg
Tëscht der Avenue J.F. Kennedy an dem Park Dräi Eechelen entsteet eng nei Passerell, fir den Accès bei de Mudam ze vereinfachen.
Presentatioun vun der neier Passerell um Kierchbierg
Tëscht der Avenue J.F. Kennedy an dem Park Dräi Eechelen entsteet eng nei Passerell, fir den Accès bei de Mudam ze vereinfachen.
Nieft dem Mudam gëtt d’Bréck fir Cyclisten a Foussgänger gebaut. De Bau vun dëser Passerell ass eng richteg Erausfuerderung, well et eng vun de gréissen Inox-Skulpture vun der ganzer Welt ass, sou de Roland Fox, Direkter vu Ponts et chaussées.
Am Hierscht dëst Joer fänken d’Bauaarbechten un an daueren 18 Méint. D’Passerell huet spéider eng Längt vu 87 Meter, ass 12 Meter héich a bis zu 3,5 Meter breet. Op 3 Pilieren ass d’Bréck gestäipt, déi sech spéiderhin hire Wee duerch de Bësch siche wäert.
Am Fréijoer 2023 soll d’Passerell fäerdeg sinn. De Käschtepunkt läit bei 4 Milliounen Euro.
© Mimram Ingénierie et Fabeck Architectes
© Mimram Ingénierie et Fabeck Architectes
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.