BounewegPresuméierten Abriecher konnt festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
Um kuerz virun 23 Auer e Méindeg den Owend gouf der Police en Abroch an enger Wunneng zu Bouneweg gemellt.
© RTL Archiv

Den Abriecher gouf vum Bewunner vun der Wunneng gestallt an huet d’Police geruff. De presuméierten Abriecher konnt vun der Police nach an der Wunneng festgeholl ginn a koum mat op de Police-Büro.

De Parquet huet ordonéiert, fir de Mann festzehuelen. Hie koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO