Bei Perquisitioun a WunnengPresuméierten Drogendealer verhält sech aggressiv a gëtt festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet eng Patrull zu Esch zwee Männer kontrolléiert, vun deenen e Cannabisgeroch ausgoung. Ee vun hinne gouf méi spéit wéinst dem Verdacht, mat Drogen ze dealen, festgeholl.
© Laurent Weber

Eng Police-Patrull war en Dënschdeg den Owend an der Rue du Boltgen zu Esch op zwee Männer opmierksam ginn, well vun hinnen e Geroch vu Cannabis ausgoung. Nodeems d’Beamte bei der Kontroll Droge bei engem vun hinne fonnt hunn, hu si decidéiert, dem Mann seng Wunneng ze duerchsichen, an där si nach Boergeld fonnt hunn. Dëst an d’Droge goufe saiséiert. Bei de weideren Amtshandlungen huet de Mann sech allerdéngs esou aggressiv géigeniwwer de Beamte verhalen, datt zwee vun hinne blesséiert goufen. Doropshi gouf de Parquet informéiert, deen decidéiert huet, de Mann festzehuelen. Hien hat e Mëttwoch de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO