
Déi betraffe Persoun koum doropshi mat enger Verbrennung vum zweete Grad am Gesiicht an un den Hänn an d’Klinick. Fënnef Giischtercher an en Infirmier si mat enger Dampvergëftung behandelt ginn. D’Prisongsdirektioun, de CGDIS an d’Police waren op der Plaz an den Ombudsman gouf informéiert.
Feier en Donneschdegowend och zu Péiteng. An der Eisebunner-Gaass stoung eng Kichen a Flamen. Eng Persoun ass dobäi och blesséiert ginn. De Samus-Noutdokter, grad wéi d’Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng waren am Asaz.