Neijoerschpatt VinsmoselleProduktioun geet erof, d'Qualitéit geet erop

Ryck Thill
Och wann et ëmmer manner Wënzerfamillje gëtt an d'Wäiproduktioun réckleefeg ass, géing et kee Grond, fir sech Suergen ze maachen, heescht et en Dënschdeg um Neijoerschpatt vun der Genossenschaft Vinsmoselle.

D’Wënzergenossenschaft Vinsmoselle huet e Méindeg an d’Kellerei Wuermer op hiren Neijoerschpatt invitéiert. Eng 150 Wënzerfamillje sinn aktuell Member an der Genossenschaft.

Iwwert déi lescht Joer sinn et der manner ginn, och d’Produktioun ass liicht réckleefeg, ma dat wär awer kee Grond, fir sech Suergen ze maachen, seet de Vinmoselles President Josy Gloden. Domaines Vinsmoselle ass nach ëmmer dee gréisste Produzent vu Lëtzebuerger Wäiner. De gréissten Deel maachen nach ëmmer Rivaner Wäiner aus. An Zukunft wëll een awer en nach méi staarke Fokus op d’Cremante leeën.

Vu Schengen bis Waasserbëlleg fënnt een d’Wéngerten deenen hir Drauwen un d’Domaine Vinsmoselle geliwwert ginn. Iwwert déi lescht Jore wären awer verschidde Wënzerfamilljen an domadder och Wéngerten ewechgefall. Et wéilt ee sech duerfir méi op d’Qualitéit konzentréieren.

Aktuell gëtt nach op zwee Sitte produzéiert. Zwou Kellereien, déi zënter Joren net méi fir d’Produktioun genotzt goufen, sinn 2025 an d’Vente gaangen. D’Caves du Sud zu Rëmerschen gi vun der SNHBM iwwerholl a fir de Site Greiweldeng gouf elo kierzlech e Compromis de Vente mat der Gemeng ënnerschriwwen, déi dat historescht Gebai kafe wëll.

Back to Top
CIM LOGO