Déi Responsabel vum Secteur reagéieren : ‘‘Fir einfach esou mat Zuelen do ronderëm ze geheien, ouni wierklech dat analyséiert oder hannerfrot ze hunn, fannen ech net ganz korrekt’’, sou de Georges Eischen, President vun der Fédération luxembourgeoise de l’alimentation et de la distribution (FLAD)
Trotz Index a Steierkreditter hunn d’Konsumenten zu Lëtzebuerg zejoert 2,6% Kafkraaft verluer, monéiert de Konsumenteschutz. A wërft also d’Fro op, ob d’Liewensmëttelindustrie a Supermarchéen op Käschte vun de Leit profitéieren? Ëmmerhin géif d’Inflatioun zanter Méint zréckgoen. Aktuell läit se bei 3,2%. D’Präisser vun den Iesswueren awer wieren zanter Oktober 2021 weider geklommen.
Op engem Punkt gëtt de President vun der FLAD, Georges Eischen, der ULC Recht. Et stëmmt, datt de Client haut fir 100 Euro manner am Akafskuerf huet. Grënn géif et der do awer vill. De Secteur wier komplex. Mat Variatioune vu Produit zu Produit. Vu Mark zu Mark. Energiekäschten, Personalkäschten, den Afloss vum Krich a souguer nach ëmmer Nowéie vun der Pandemie géifen zesummekommen. Vill Produite wiere méi deier ginn. Eng Präisdeierecht, déi de Geschäftsmann och all kéiers erkläre kann. Beispill: Schwéngefleesch.
D’Margë vun de Geschäfter, viru Fraisen, géifen um Enn vun der Ketten just Brutto 20 bis 30% vum Präis ausmaachen. Wou d’Stied just nach 10% vun hirem Akommes fir Liewensmëttel ausginn.
Wat d’Fuerderung vun der ULC no méi Kontrolle vun engem Office des Prix ubelaangt, ass de Georges Eischen iwwerzeegt, dat d’Konkurrenz Haut schonn déi Roll spillt.
''Zu Lëtzebuerg hu mer déi meescht Meter Carré Geschäftsfläch pro Awunner weltwäit. Also hu mer ganz vill Konkurrenten. Mir hunn an der Liewensmëttelbranche Discounter, Supermarchéen, spezialiséiert Geschäfter. Mir hunn en däitsche Konkurrenzmarché, mir hunn e franséischen, e belschen’’, sou de Georges Eischen.
Datt e Pack Spaghetti am franséische Grenzgebitt 90 Cent méi bëlleg ka sinn wéi just déisäits der Musel an Däitschland. Do géifen nees d’Verkafsstrategien vun de grousse Marke steieren. Eng Realitéit, op déi d’Geschäfter kaum Afloss hätten.