Ob an der Stad, zu Miersch oder zu RioQueesch uechter d'Land an och d'Welt goufe Partye fir Silvester organiséiert

Marc Hoscheid
Um Hallefnuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg war et nees sou wäit, queesch uechter d'Land sinn d'Stëpp aus de Schampes-Fläsche geflunn.
Queesch uechter d'Land an och d'Welt goufe Partye fir Silvester organiséiert
Um Hallefnuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg war et nees sou wäit. Ob an der Stad, zu Miersch oder zu Rio.

Et gouf geprost, sech ee schéint neit Joer gewënscht a Freedefeier an den Nuetshimmel geschoss. Mir ware mat der Kamera an der Stad an och zu Miersch ënnerwee. De Marc Hoscheid mat e puer Impressiounen.

Fräi nom Motto, Freed ass dat Eenzegt, dat sech verduebelt, wann een et deelt, hunn d’Leit op enger Partie Plazen zesumme gefeiert. Zum Beispill am Atelier, wou DJe fir gutt Stëmmung gesuergt hunn.

An och ronderëm de Glacis war deen een oder aneren ënnerwee, fir an deene sëllegen Etablissement an dat neit Joer eranzefeieren.

Ma net just an der Stad kënne se Party maachen. Och op der Mierscher Gare gouf 2026 mat Musek an deem engen oder anere Gedrénks begréisst.

Géint Hallefnuecht huet dat obligatorescht Freedefeier natierlech net dierfe feelen. Woubäi déi eng sech méi an déi aner sech manner professionell ugeluecht hunn.

A wiem et virun der Dier ze kal war, deen huet einfach dobanne riicht duerch weidergefeiert, an dat deels bis an de Moien eran.

An apropos Freedefeier, op enger Partie Plazen uechter d’Welt ass dat zwou dräi Nummere méi grouss ausgefall wéi zu Lëtzebuerg. Zum Beispill zu London, zu Dubai oder zu Rio.

Back to Top
CIM LOGO