Garer QuartierRandaléierer kënnt an den Arrest

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend géint 23.40 Auer koum et zu enger Kläpperei an der Rue Bender am Quartier vun der Stater Gare.

Op der Plaz ukomm, hunn d’Beamten zwar keng Kläpperei entdeckt, dofir awer e Mann, dee Passante belästegt huet. Dobäi ass de Mann ëmmer nees op d’Strooss gelaf, wat d’Autoen dozou gezwongen huet, deels abrupt ofzebremsen.

Wéinst sengem Zoustand a well hien eng Gefor fir sech selwer an aner Leit duergestallt huet, koum hien, nodeems e vun engem Dokter ënnersicht gouf, an Arrest fir auszeniichteren.

Da goufen et och nach eng Partie Permisen, déi en Donneschdeg den Owend agezu goufen. Zu Fëlschdref war en Auto um CR162 accidentéiert. De Chauffeur, deen däitlech ze vill gedronk hat, krut de Permis op der Plaz vun de Beamten ofgeholl.

An der Route de Bascharage zu Nidderkuer ass der Police e Chauffeur opgefall, deen ze séier mat sengem Gefier ënnerwee war. Nodeems och hei e positiven Alkoholtest erauskoum, gouf och hei de Fürerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO