Dat sot de President vum Comité national de défense sociale, de Raoul Schaaf, um Méindeg de Moien hei op RTL. De CNDS ass eng ASBL, déi zanter bal 60 Joer schwaache Leit an de Beräicher Aarbecht a Wunnen hëlleft. D’Ministere Max Hahn, Martine Deprez a Claude Meisch hunn den Aktiounsplang, deen iwwer 100 Mesurë virgesäit, d’lescht Woch presentéiert .
De Plang hätt e “relativ strammen Timing” a Kontrolle fir ze kucken, ob d’Mesuren och gräifen, huet de Raoul Schaaf begréisst. Mee och d’Harmoniséierung vun de finanziellen Hëllefen, déi et scho ginn, respektiv déi elo nach bäikommen, wat scho laang eng Demande vum Terrain gewiescht wier.
De President vum CNDS ass och Schäffen an der Majorzgemeng Useldeng a konnt d’Fuerderung vun déi Gréng novollzéien, datt de Mindestloun misst an d’Luucht gesat ginn. A senger Géigend hätt een nämlech analyséiert, wéi vill vun hirem perséinleche Budget oder Revenu d’Leit, déi Hëllef ufroen, fir hire Loyer mussen op den Dësch leeën. D’Resultat wier bei engem ganz groussen Deel vun de Leit: 60 bis 75% vum Revenu. “Dann däerf kee méi den Houscht kréien, well soss gëtt et enk”, esou de Raoul Schaaf.
Gestion locative sociale ass “eigentlech déi sécherst Aart a Weis, fir e Bien ze verlounen”
Méi bezuelbar Wunnengen als Alternativ zu méi Mindestloun? De Raoul Schaaf gesäit vill Potential bei der gestion locative sociale. Dem President vum CNDS no misst virop de Präis fir de Meter Carré, dee Besëtzer kënne kréien, no Uewen ugepasst ginn.
An och wa konsekutiv Logementsministeren dës steierlech Ureizer fir d’Verloune vu Wunnengen u Leit, déi keng Wunneng fannen, fërderen, sou wier dem Raoul Schaaf no de Message nach ëmmer net bei de Leit ukomm.
Op d’Fro, ob net vill Besëtzer fäerten, schwiereg Locatairen ze kréien, sot de Raoul Schaaf: “eigentlech ass et déi sécherst Aart a Weis, fir e Bien ze verlounen, well an der gestion locative sociale, do hutt dir jo net ee Locataire, mee eng ASBL (...) Ech garantéieren, datt dir 12 Méint laang e Loyer kritt, ech garantéieren iech, datt wann et e Problem gëtt mam Locataire, datt ech mech drëm këmmeren, wann eppes an der Wunneng kapott gemaach gëtt, datt ech dat erëm an d’Rei bréngen”.
Gemenge méi matagebonnen a Revis bësse manner streng
Ugeschwat op d’Gemengen-Autonomie a Gemengen, déi méi sozial Strukturen ubidden a vun deenen anere Gemengen, déi manner maache Merci gesot kréien, huet de Raoul Schaaf mat “Jo” geäntwert a widderholl: “all Gemeng huet d’Responsabilitéit dono ze kucken, datt et deene Leit, déi um Territoire liewen, gutt geet”.
Den Direkter vum CNDS huet awer och eng Rei Punkten aus dem Aktiounsplang géint Aarmut ervirgestrach: zum Beispill datt d’kommunal konsultativ Kommissioune fir d’Zesummeliewe méi mat agebonne gi bei der Sensibiliséierung oder Preventioun vun Aarmut.
Den Aktiounsplang géint Aarmut gesäit och Upassunge beim Revis vir. Hei huet de Raoul Schaaf begréisst, datt Leit, déi hire revenu d’inclusion sociale verléieren, net méi automatesch hir Couverture bei der Krankekeess verléieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.