Den Dossier Sportsmusée wäert och no der Demissioun vum Sports- an Aarbechtsminister Georges Mischo mussen opgeschafft ginn. Dovun ass déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard e Freideg de Moien hei op RTL ausgaangen. Den Dossier wier “méi ewéi problematesch”, soss hätten de Finanzminister Gilles Roth an de Premier Luc Frieden net d’Konsequenze gezunn, déi se gezunn hunn.
Déi Affär wier kloer den Haaptgrond fir d’Demissioun vum Georges Mischo, mee e wier jo och bei anere “Bouletten” net onschëlleg gewiescht, esou d’Djuna Bernard. Dorënner d’Kommunikatioun an de Sträit mat de Gewerkschaften, wou déi Gréng Deputéiert awer d’ganz CSV-DP Regierung mat an d’Verantwortung geholl huet.
Virop de Luc Frieden, den éischte Premier, deen et net méi am Topp vun engem Sondage gepackt huet. “Et gehéiert dozou, datt wann ee wëll gutt Politik maachen, datt een och ëmmer rëm sech evaluéiert”, huet d’Djuna Bernard him gewënscht.
Déck Stécker huet déi Gréng Deputéiert op de Marc Spautz gehalen, deen elo de Georges Mischo als Aarbechtsminister ofgeléist huet. Dee kéint hirer Meenung no eng “gewëss Sensibilitéit a Souveränitéit”, mee och “Erfarung” an eng “verfuere Situatioun” abréngen an d’Gewerkschaften a Patronat, deenen hir Positioune “verhäert” wieren, beienee bréngen. Wa si engem et géing zoutrauen, de Sozialdialog nees hierstellen, wier et hien.
D’Djuna Bernard huet och d’Taktik vum neien Aarbechtsminister begréisst. Deen huet en Donneschdeg bei eis erkläert, datt hien net just mam OGBL, LCGB a der Unioun vun den Entreprisë wéilt schwätzen, mee och mat de méi sektorielle Federatiounen.
Allerdéngs géing de Marc Spautz och “tëscht Hummer an Amboss” stoen, well hien och e Koalitiounsaccord “mam selwechte Premier” misst ëmsetzen. Si huet dem neie Minister eng glécklech Hand gewënscht. Glécklecherweis géing d’Regierung jo awer och d’Rolle vun de Gewerkschafte bei de Kollektivverträg net méi a Fro stellen a se wier bei de Renten notamment zeréckgeruddert.
D’Djuna Bernard hat dann och Blumme fir d’Ministere Max Hahn, Martine Deprez a Claude Meisch, déi de Méindeg den éischten nationalen Aktiounsplang géint Aarmut presentéiert hunn. Mat 106 Mesuren, dorënner neie finanziellen Hëllefe fir Senioren a Leit mat Kanner, mee och eng Verstäerkung vun den Offices sociaux, méi einfache Weeër, fir Hëllef ze kréien an esouguer eng Automatiséierung vun deenen Aiden, do wou et geet.
Fir déi Gréng Deputéiert wier dat e ganz wichtegt Dokument, dat dringend noutwendeg gewiescht wier. Si huet “d’Diversitéit” vun de “Stellschrauwen” am Plang gelueft a besonnesch, datt erkannt gi wier, datt d’Hëllefsmesurë ganz ënnerschiddlech a komplizéiert sinn a besser openeen ofgestëmmt ginn, notamment wat d’Krittären an d’Seuilen ugeet. “Wat mir e bësselche feelt”, esou awer d’Djuna Bernard, “dat ass datt um Niveau vum Mindestloun elo nach keng Annonce koum”.
Op d’Remarque vun engem Editorial am Lëtzebuerger Wort, datt d’LSAP an déi Gréng an den zwou viregte Regierunge keen Aktiounsplang selwer gemaach hunn, huet si liicht irritéiert “zur Kenntnis” geholl. Si huet drop higewisen, datt d’DP zanter 12 Joer de Ressort vum Familljeministère huet, mee dat awer och d’Blo-Rout-Gréng Regierungen eng Rei Mesuren ënnerholl hunn. Déi Gréng am Beräich vum Logement mat diverse Reformen an der Energiepolitik mat Primmen a bei der Justiz mat der Assistance judiciaire notamment.
Déi gréng Deputéiert huet e Freideg de Moien dann och ferm bedauert, datt d’EU – Medieberichter no - de Verbuet vun neie Verbrennermotoren, dee fir 2035 programméiert ass, wéilt verwässeren.
Grad elo, 10 Joer nom Paräisser Klimaaccord, esou d’Djuna Bernard, kéint et ee weidere Réckschrëtt vu villen an de leschte Jore ginn.
Si huet betount, datt d’Industrie “Planungssécherheet” an eng “Timeline” bräicht – en Argument, dat d’CSV an engem rezenten Debat an der Chamber och bruecht huet. Virun allem fir mat der Konkurrenz aus China a Punkto Elektromobilitéit kënne matzehalen. “Ech fannen et immens bedauerlech, wann op deem dote Punkt ëmmer rëm deen Hick-Hack geschitt”, esou d’Djuna Bernard.
E Freideg de Moie war ënnert anerem d’Demissioun vum Georges Mischo Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.