
Den Alain Vossen trëtt zréck wéinst 8 Joer ale Posts an de soziale Medien. De Jean-Marc Schmidt gouf zum neie Kandidat nominéiert.
De Bezierkskommitee vun der ADR Osten huet haut den Owend de Récktrëtt vum Alain Vossen als Kandidat fir d’Chamberwalen ugeholl. Den Alain Vossen, 36 Joer, huet säi Récktrëtt domat begrënnt, datt hie wéinst Facebook-Posts, déi hie virun aacht Joer gemaach huet an déi, zum Deel mat Hëllef vu Photoshop, aus hirem deemolege Kontext gerass goufen, sech nemméi an der Lag géif gesinn, d’Iddie vun der ADR am Ablack no baussen ze vertrieden. Den Alain Vossen bedauert säin deemolegen onbekëmmerten Ëmgank mat de soziale Medien an distanzéiert sech konsequent vu sengen deemolege Facebook-Posts, onofhängeg dovun, datt déi, wéi gesot, aus hirem Zesummenhang gezerrt goufen.
De Bezierkskommitee Osten respektéiert dem Alain Vossen seng Entscheedung an huet eestëmmeg de Jean-Marc Schmidt zum neie Kandidat fir d’Chamberwalen nominéiert.
De Jean-Marc Schmidt, 50 Joer, ass zu Réimech opgewuess a wunnt säit iwwer zwanzeg Joer zu Munneref. Hien ass diploméierte Germanist an huet iwwer zwanzeg Joer fir d’Luxemburger Wort geschafft. Säit 2021 ass hie parlamentaresche Beroder a säit 2022 Member vum ADR-Bezierkskommitee Osten.
Matgedeelt vun der ADR Osten