Rechter a FlichtenReform vu Gemengegesetz: politesch Mandater méi attraktiv maachen

RTL Lëtzebuerg
Méi Transparenz a kloer Reegelen. Awer och méi politesche Congé an d'Erhéijung vun der Indemnisatioun gesäit de Gesetzestext vir, deen um Instanzewee ass.
Reform vu Gemenge-Gesetz: politesch Mandater méi attraktiv m
Méi Transparenz a kloer Reegelen. Awer och méi politesche Congé an d’Erhéijung vun der Indemnisatioun gesäit de Gesetzestext vir, deen um Instanzewee ass.

De “Congé politique” soll mat der Reform an “Décharge pour activités politiques” ëmbenannt ginn, fir der Aufgab vun de Gemengepolitiker Rechnung ze droen. Gemengepolitiker, de Syvicol an d’Gemengepersonal hätte sech dofir ausgeschwat, d’Zäit, déi engem Gemengepolitiker zur Verfügung steet, z’erhéijen. Dëser Demande hätt ee Rechnung gedroen, esou d’Inneministesch Taina Bofferding.Esou solle Buergermeeschteren an de Gemenge vu manner wéi 10.000 Awunner bis zu 6 Stonnen d’Woch bäikréien. Och d’Schäffe kréie méi Zäit fir hiert politescht Mandat. An de grousse Gemenge si bis zu 4 Stonne méi virgesinn. Do kréien och d’Conseillere Stonne bäi.Wichteg wier awer och d’Flexibiliséierung vun der “Décharge pour activités politiques”, wéi Taina Bofferding erkläert: “D’Gemengen hunn awer och e Kontingent vu flexibele Stonnen zur Verfügung, heescht, datt de Gemengerot selwer kann decidéieren u wien en déi do Stonnen nach wëll ginn.”DIndemnitéite fir Independanten a politesch Mandatairen ouni Beruff sollen, wéi an der Chamber schonn de Fall, vun 2 op 4 Mol de qualifizéierte Mindestloun ugehuewe ginn.Immunitéit vun de Gemenge gëtt ofgeschaaftDéi strofrechtlech Verantwortung vun de Gemengepolitiker iwwerdeems gëtt nei gereegelt, andeems d’Immunitéit vun de Gemengen ofgeschaaft gëtt.Taina Bofferding: “Dat heescht lo net, datt et eng Immunitéit fir déi Gewielte gëtt, mä och hei méi kloer Reegelen. Dass dee Moment gekuckt gëtt: ass et d’Gemeng, déi muss penal poursuivéiert ginn oder ass et eventuell awer de Buergermeeschter, d’Buergermeeschtesch oder soss ee Member vum Gemengerot, dee lo hei wëssentlech de Feeler gemaach huet?”
De Gesetzesprojet fir d’Gemengereform gesäit och en eenheetlechen Deontologies-Kodex fir all d’Gemenge vir. Deemno dierfte Gemengepolitiker zum Beispill keng Kaddoe vu méi wéi 150€ vu privater Säit unhuelen. E sougenannte “Référent déontologique” am Inneministère soll zur Verfügung stoen, falls Gemengepolitiker an där enger oder anerer Saach Bedenken hunn.Lëscht vun Incompatibilitéite gëtt vergréissertFir Interessenskonflikter ze verhënneren, gëtt d’Lëscht vun Incompatibilitéite mat engem politesche Gemengemandat vergréissert. Trëtt d’Reform bis a Kraaft, dierfe weder Mataarbechter vum Waasserwirtschaftsamt, nach vum Institut national pour le patrimoine architectural oder dem Institut national de recherches archéologiques gemengepolitesch aktiv sinn.D’Taina Bofferding hofft, datt d’Reform vum Gesetz esou bal wéi méiglech gestëmmt gëtt, fir datt et scho fir d’Walen den 11. Juni 2023 gräife kann an esou méiglechst vill verschidde Bierger motivéiert sinn, ze kandidéieren.

PDF: Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO