
De gemeinsamen EU-Migratiouns- an Asylpakt, op dee sech gëeenegt gouf, muss elo an den eenzelen EU-Länner an déi national Gesetzgebung integréiert ginn. Dofir huet den CSV-Inneminister Léon Gloden e Mëttwoch de Projet de loi an der Chamber deposéiert an och op enger Pressekonferenz virgestallt.
Mat Häerz a Verstand wëll d’Lëtzebuerger Regierung d’Asyl- a Migratiounspolitik méi effikass, solidaresch a responsabel maachen. Gréissten Ännerung ass d’Aféiere vun enger Screening-Prozedur, fir d’Delaien ze kierzen: Concernéiert sinn hei Leit, déi ouni valabel Pabeieren an d’Land kommen, zum Beispill mat engem Vol aus engem net-Schengen-Land.
Den Inneminister Léon Gloden (CSV):
“An där Screening-Prozedur, déi dauert tëschent dräi a siwen Deeg, gëtt gekuckt, wien ass déi Persoun? Ginn et schonn Emprunten am Eurodac, an där digitaler Datebasis? Et muss gekuckt ginn, huet déi Persoun net eng Krankheet, déi vläicht muss traitéiert ginn? Ass déi Persoun, le cas échéant, an Extreemfäll eng Gefor fir d’Sécherheet?”
Et rechent ee mat ronn 350 Leit de Mount, déi duerch dës Screening-Prozedur wäerte goen. Nom Screening gëtt da festgestallt, wat fir eng Asyl-Prozedur a Fro kënnt, duerno leien d’Delaie fir eng definitiv Decisioun bei 3 respektiv 6 Méint. Ma net nëmmen an der Immigratioun ginn d’Delaie méi kuerz
De Léon Gloden (CSV):
“D’Prozedure ginn och gestrafft beim Geriicht. Do gëtt en Tribunal vun der Immigratioun a vum Asyl am Kader vum Verwaltungsgeriicht geschaaft. Do ginn d’Delaie vun de Recourse méi kuerz.”
Recours ass dann och just nach bei der gewéinlecher Asyl-Prozedur méiglech. Iwwer den Ëmgang mat Migrante gëtt jo nom Dout vun enger Fra am Minnesota duerch een ICE-Agent vill diskutéiert. D’EU a Lëtzebuerg géife weiderhin op de Respekt vun de Mënscherechter insistéieren, esou de Minister.
De Léon Gloden (CSV):
“Zu Lëtzebuerg an an Europa kënnt sécherlech keng esou ICE-Unitéit. Fir eis war et wichteg als Lëtzebuerger Land, och wärend den Diskussioune permanent och déi human Aspekter ervirzesträichen, de Respekt vun de Mënscherechter. Duerfir hu mer jo och eng Kommissioun, déi dat iwwerwaacht, wat Mënscherechter betrëfft a besonnesch och bei de Mineurs non-accompagnés.”
D’Reegelen no deene festgesat gëtt, wéi eng Länner fir d’Asyl-Demanden zoustänneg sinn, géifen duerch déi nei Texter och méi kloer ginn. Iwwer een obligatoresche Solidaritéitssystem sollen d’Demande respektiv déi néideg Ressourcen dann och ënnert de Länner méi gerecht verdeelt ginn.