Vun e Mëttwoch unRendezvouse am Escher Spidol och iwwer "myCHEM"-App méiglech

Fanny Kinsch
Wann een e Rendezvous brauch fir en IRM, e Scanner oder eng Mammographie kann een dat am CHEM vun e Mëttwoch un iwwert eng Handy-App maachen.

MyCHEM App fir verschidde Rendezvousen am Spidol / Reportage Fanny Kinsch

Aktuell ginn déi Rendezvousen an der Haaptsaach iwwer Telefon ausgemaach. Do kéime bis zu 880 Appellen den Dag eran an d’Leit géingen deels eng hallef Stonn waarden, iert se drukommen.

Mat der App sollen dës Waardezäiten um Telefon also och verkierzt ginn an d’Personal am Call Center méi Zäit kréien, fir mat de Leit ze schwätzen. D’Iddi fir dëse Schrëtt an der Digitaliséierung wier à la base um nationalen Niveau ugeduecht ginn, sou den Daniel Cardao, Finanzdirekter vum CHEM.

“Et war en éischten Elan komm Abrëll 2021, ob mer net sollten eng App fir dat ganzt Land maachen. Dat ass awer, do hate mer awer keng, si mer op daf Ouere gestouss an do ass kee Budget fräigemaach ginn a fir dat kënnen ze finanzéieren.”

An der App kann een auswielen, vu wéi engem Kierperdeel wéi eng Zort Imagerie soll gemaach ginn an en Dag an enger Auerzäit auswielen. Alternativ kann een d’Ordonnance eroplueden a gëtt da fir e Rendezvous kontaktéiert. Se ass a fënnef Sproochen disponibel. D’Donnéeë ginn net op der App selwer gespäichert, dës mécht just den Interface. Et kann een och fir eng aner Persoun e Rendezvous huelen. Wann een de Rendezvous awer net brauch kann een en och nees ofsoen. Eng Funktioun vun där ee sech erhofft, dass se genotzt gëtt a manner Leit einfach net kommen, ouni sech ofzemellen.

“Mir hu bis dausend Rendezvousen de Mount, déi net honoréiert ginn. Dat heescht, duerch d’App erwaarde mer eis och, dass de Patient seet ‘Ahjo ok, do hat ech och reservéiert, ech hu mäin IRM scho gemaach, da komm ech annuléieren.’ Mir hu bis Dausend Rendezvousen, toutes modalités confondues, wou d’Patienten einfach net kommen.”

Bei der Presentatioun huet d’Direktioun vum CHEM och Detailer iwwert déi aktuell Delaie bekannt ginn. Dës sinn ënnerschiddlech, jee nodeem wéi een Organ betraff ass, bei den IRMen zum Beispill huet ee Stand Abrëll 22 Deeg op en IRM vum Häerz gewaart an 52 beim Kapp. Duerch eng intern Reorganisatioun hätt een iwwert d’lescht Joer d’Waardezäiten a verschiddene Beräicher reduzéiert kritt, wéi bei den IRMe vum Häerz a vun der Prostate, esou iwwerdeems de Generaldirekter René Metz. Anerer wieren an d’Luucht gaangen, wéi beim Knéi, wat awer och doru géing leien, datt d’Demande méi héich war. Bei de Mammographien am Fall vu Symptomer wier een awer zum Beispill nach net zefridden.

“Mir hunn eis do schonn Ziler gesat, dat nach weider erofzesetzen an doru schaffe mer, dat ass eng Saach vun Organisatioun, mir hunn en supplementäre Radiolog, dee sech nach eng Kéier do wäert ënnerspezialiséieren, fir do kënne matzehëllefen, ech mengen dat ass, dat gëtt eis dann nach méi Méiglechkeeten.”

Aktuell leien d’Delaie fir déi diagnostesch Mammographie bei enger 4 Méint, beim Depistage bei 2.

Hei sinn allerdéngs d’Urgencen net mat abegraff, déi bannent 12 Stonnen drukommen, respektiv 3 Deeg jo no Typ vun Noutfall. Hospitaliséiert Patiente koumen iwwerdeems bannent engem Dag an de Scanner a bannent zwee an den IRM.

myCHEM"-App
Wann een e Rendezvous brauch fir en IRM, e Scanner oder eng Mammographie kann een dat am CHEM vun e Mëttwoch un iwwert eng Handy-App maachen.

Back to Top
CIM LOGO